Dikricher Guiden a Scouten

St Laurent / Tony Noesen

Interview – Jacques Dahm

Perséinleches

1) Wéi laang bas du schon an den Dikircher Guiden Scouten aktiv?

Zenter 1959 Member an zenter 1965 Chef

2) Firwat bas du an d’Scouten gaang?

Well ech gären dobaussen an der Natur gespillt hun

3) Wéi hues du d’Guiden oder Scouten als Kand erliewt?

Et war eng flott Zeit, wu e villes geliert huet

4) Wat motivéiert dech vir no sou villen Joren nach ëmmer am Veräin aktiv ze sinn?

Ech well dat wat ech bei de Scouten erliewt hun un d’Jugend weidergin an hinnen hellefen eng Plaaz an der Gesellschaft ze fannen

5) Wisou bas du Gruppechef ginn?

No 17 Jar Chef bei den Explorer a wi de Marcel Thillen opgehaal huet war et bal eng Flicht fir mech, déi Aarbicht als Grupechef virunzeféieren. Grupechef gin war fir mech emmer su d’Apoteose vum Chef sen bei de Scouten

6) Wat war deng Aufgab als Gruppechef?

De grup leeden a versichen déi verschidde Branchen mi no beieneen ze kreien. Dann war awer och d’Organisatioun vun „Al Dikrich“ eng haart Noss.

7) Wéini an virwat hues du opgehalen als Grupechef?

No 20 Jar Grupechef hun ech 2002 opgehalen. Ech hu fonnt ech wir lo ze al fir e Jugendmuvement ze féieren.

8) Wat ass deng aktuell Aufgab am Veräin?

Ech bekömmere mich emt d’Verlungen vum Home Prince Jean.

9) Geess du nach mat op Campinger?

Neen.

10) Wat ass haut anescht bei den Guiden a Scouten wi fréier?

Ech hoffen neischt Wesentliches, soss as et kee Scoutissem mi!

11) Fënns du et gudd, datt mir eis esou moderniséirt hunn (Computer, Material, Camp, …)

Dat as net schlecht, ma d’Liewen an a mat der Natur muss och nach bleiwen, well dat jo hett bei der Jugend emmer mi wegfällt. Et muss e wësse wat d’Natur as a wat se fir eis bedeit.

Fusioun

12) Firwat sinn d’Guiden a Scouten fusionéiert ginn?

Zesummen as e mi staark wi eleng. Et as och wichtig, dat Meedercher a Jungen sich an der Freizeit kenne lieren fir spidder am Liewen gut matennen eens ze gin.

13) Wéi eng Problemer hunn sech dobäi gestallt oder ass dat ganz einfach iwwert d’Bühn gaang?

Et war net einfach fir d’Guiden ze iwerzeegen; si hu gefaart d’Junge giffen hinnen all Poste weghuelen.

14) Wat sinn Vir- an Nodeeler vun der Fusioun?

Viirdeller: kuck enner 12

Et brauch e verschidde Saachen nëmmen 1 Kier

Nodeeler: ech wees net op et deer gët, well ech net mi mat enger Branche ze doen hat, nemme mam Grupp. Do se mer gud eens gi mateneen.

15) Haten d’Guiden a Scouten schon virun der Fusioun Aktivitéiten zesummen? Och di Dikricher?

Jo: RARO; hei zu Dikrich och Pio a Caravellen

16) Wou waren di ischt Campinger vun den Guiden a Scouten zesummen?

Dat wees ech net.

17) Gouf et Fréier méi oder manner Guiden a Scouten wi haut?

Et guf der mi; d’Scouten waren an der Zeit zu +/- 120 an d’Guiden och nach zu enger 60 oder mi, dat wees ech net su genau.