Dikricher Guiden a Scouten

St Laurent / Tony Noesen

Tony Noesen

Tony Noesen2

1932 De Scoutmaster Tony Noesen mëcht säi Gilwellcamp an England.
Su wi op dëser Foto, wëlle mer hien an Erënnerung halen.

Wien war den Tony Noesen ?

Den Tony Noesen ass den 21.08.1905 gebuer. Hien ass zu Dikrich an d’Primärschull an an de Kolléisch gaangen.

Wéi den Tony Noesen mat der Schull faerdeg war, huet hien eng Dréckerei zu Dikrich opgemaach. Hien war Redakter vun senger eegener Zeitung, dem „Fortschritt“, déi hien och an senger Dréckerei selwer gedréckt huet. Dëst sollt och nach spéider an der Zäit vun der Resistenz vu grusser Bedeitung sin.

1926 fanne mer hien mat 21 Joer di ischte Kier als Assistentscoutmaster (also als Chef) op der Memberslëscht vun den Dikricher Scouten. An de Wëllefcher war den Tony Noesen ni. Dëst huet een einfachen Grond: wéi den Tony Noesen an deem Alter war, goufen et zu Dikrich nach keng Scouten.
Mir hunn eis vun engem fréieren Wëllefchen, deen den Tony Noesen als Wëllefcherschef kannt huet, soë geloss datt hien ee strenge, ma zimmlech gerechte Chef war.

1932 war hien den éischten an deemols eenzege Scout aus eisem Land, dee seng Scoutsschoul zu Gilwell an England gemach huet an deen d’Recht hat och an eisem Land Gilwellcouren ofzehalen.

Den Tony Noesen war och am Verband vun de Lëtzebuerger Scouten ganz aktiv. Als Internationale Commissaire huet hien d’Leedung an d’Organisatioun vun der Lëtzebuerger Delegatiounen op deenen verschiddene Welt-Jamboreeën a Rovermooten iwwerholl. Ënnert deenen ernimme mir nëmmen folgend:
1929 war den Tony Noesen um 3. Jamboree an England derbäi.
1936 hält hien deen eischten nationalen Gilwellcamp zu Lëtzebuerg.

Dem Tony Noesen seng Roll an der Resistenz

Wéi den 10. Mai 1940 di Däitsch Truppen a Lëtzebuerg agefall sinn, kruten d’Scouten an nach vill aner Veräiner zu Lëtzebuerg et ganz schwéier gemaach. All Veräin, deen e Risiko fir den däitsche Besatzer duergestallt huet, gouf verbueden. Sou sinn dann och d’Scouten am Februar 1941 am ganzen Land verbueden gin an een Deel vun hierem Material gouf beschlagnahmt.

Heivunner hu sech di meescht Scouten awer net ënnerkréie geloss an si hun sech weider hanner zouenen Dieren getraff. Hei guff dann och zesumme mat Nët-Scouten beroden, wat een kéint géint di däitsch Iwermuecht ënnerhuelen. Op dës Art a Weis sin op verschiddene Plazen Resistenzorganisatiounen entstanen. An sou koum et datt een den Tony Noesen zu engem vun den Matgrënner vun der LVL (Letzebuerger Volléks Legion) kann zielen.

Wat den Tony Noesen genau an dëser Resistenzorganisatioun gemaach huet ass schwéier erausfannen. Hier Aktiounen hu missen virun den Däitschen verstoppt gin a waren dohier och zimmlech riskant. Wat mir awer mat Secherheet kënne soën ass folgendes: D’LVL huet ewéi vill aner Resistenzorganisatiounen gehollef Flugblieder fir de Referendum vun 1941 ze verdeelen.

Fir dem Tony Noesen seng perséinlech Roll ze beschreiwen hu mir folgend Ausso vum Jang Muller iwwer hien font: „Tony, du hues Honnerten an Honnerten vun eisen agezunnene Jongen e falsche Pass ausgestalt an se an de Minett dirigéiert wou se iwer d’franséisch Grenz bruecht goufen.”

Allerdéngs huet dëst een Enn fonnt, wéi den Tony Noesen vum 21.10.1943 – 2.11.1943 am Gronn am Prisung gefange gehal gin ass. Duerno ass hien wéi vill aner Lëtzebuerger Resistenzler an d’Konzentratiounslager op Hinzert komm. Den Tony Noesen sollt d’Fräiheet fir déi hien sech suvill agesat hat net méi rëmgesinn. Hien ass de 25. Februar 1944 vun der SS am Bësch zu Hinzert no beim KZ higeriicht gin. Op der Plaz wou den Tony Noesen an 22 aner Lëtzebueger Resistenzler erschoss goufen steet haut ee Gedenksteen. Och um Militärkierfecht zu Hamm steet ee Kreiz fir hien.

Firwat heeschen mir haut: „St.Laurent/Tony Noesen“

Di Dikricher Scouten goufen 1917 ënnert dem Numm „Dikricher Baden Powell Boy-Scouts“ gegrënnt. 1932 guff den Numm op „Scouten St.Laurent Dikrich“ ëmgeännert, well den Patréiner vun der Dikricher Dekanatskierch den St.Laurent ass. Nodeems d’Scouten während dem Krich vun den Däitschen verbueden waren, ginn 1946 „d’Scouts Tony Noesen“ nei gegrënnt als Undenken un hiere verstuerwene Chef.

Wéi dun 1994 d’Lëtzebuerger Guiden an d’Lëtzebuerger Scouten fusioniert hun, si geschwënn drop aus de „Scouts Tony Noesen Dikrich“ an aus de „Guides St.Laurent Dikrich“ d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten St.Laurent/Tony Noesen Dikrich gin.

AvEx – Dikrich

Tony Noesen3