Dikricher Guiden a Scouten

St Laurent / Tony Noesen

Cavalcade 2017

Am Kader vun eisem 100te Gebuertsdag ware mir dëst Jar als Foussgrupp op der Cavalcade zu Dikrich mat !


(Fotoe vun: Dikricher Fotoclub, RTL, FTS an d’Wort.)

100 Jar Feier

Den 28te Januar hate mer eis grouss Gebuertdsagfeier wou iwwer 350 al Memberen, al Chef a Frënn vum Grupp invitiiert waren. Hei fannt der Fotoen: https://goo.gl/photos/nRbh8nYrfVtytqwAA A gefilmt gouf och iwwer 24 Stonnen: http://100jar.amfloss.lu

Montéesweekend 2016

Al Dikrich 2016

large

Al Dikrich 2016

Al Dikrich steet virun der Dier an als Dikricher Jugendveräin si mer natierlich och vertrueden.

Kommt a besicht eis vum 8te bis den 12te Juli viirun der aler Kierch zu Dikrich a loosst eech verwinne mat allem wat de Grill an de Comptoir ze bidden huet !

Wann s du eis Hëllefe wëlls, da mell dich siier un, mir brauchen ëmmer fläissig Hänn !

Montéesweekend 2015

Vum 6. bis de 7ten November hate mir zu Dikrich an eisem Home de Montéesweekend deen ënnert dem Thema “Asterix an Obelix” stoung.

Al Dikrich 2015

large

Al Dikrich 2015

Al Dikrich steet virun der Dier an als Dikricher Jugendveräin si mer natierlich och vertrueden.

Kommt a besicht eis vum 11te bis de 15te Juli viirun der aler Kierch zu Dikrich a loosst eech verwinne mat allem wat de Grill an de Comptoir ze bidden huet !

Wann s du dem Grupp mi no stees eis Hëllefe wëlls, da mell dich siier un, mir brauchen ëmmer fläissig Hänn !

 

t’ass Kiermes am Floss

Hei sinn nach Fotoe vun der Kiermes am Floss !

t’ass Kiermes am Floss !

Denkt drun äere Menu ze reservéieren !

Kiermes_Seite_1

Versammlung

Well den 29. Mäerz esou schéint Wierder war, hunn mir eis kuerzerhand decidéiert mat de Biber op eiser neier Terrass Ouschterhinger ze bastelen. Dono sinn si op grouss Ouschtereeërsich gaang an zum Schluss hu si net nëmmen ganz Näschter mat Eeër fonnt, mä och ee ganz grousst wou hier Foularden dra waren! 

Biber

D’Biber sinn d’Branche vun deene Jéngste bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, si riichte sech u Kanner aus dem 1. an 2. Schouljoer.

An der Bibermethod wëlle mir de Kanner d’Liewen am Grupp, wou ee fir deen aneren do ass, de Respekt fir deen aneren a fir d’Natur méi no bréngen. D’Kanner solle fir déi Welt op där mir alleguer zesumme liewe begeeschtert ginn a mir wëllen déi fir d’Kanner typesch positiv Astellung ënnerstëtzen. D’Kanner sollen an hirer Entwécklung gestäipt ginn, si solle léieren sech auszedrécken. Si erliewen dass mir all zu enger grousser Famill gehéieren, dass mir all d’selwecht sinn, och wa mir aner Kulturen, aner Reliounen, eng aner Sprooch oder eng aner Hautfaarf hunn. Wéi d’Biber an der Natur, léieren d’Kanner hiert Ëmfeld ze erfaassen an erliewen d’Schéinheete vun der Natur ouni awer d’Geforen ze ignoréieren.

D’Haaptelementer fir de Kanner d’Bibermethod no ze brénge sinn d’Bibergeschicht, d’Kniwwel an d’Spill. Mat enger klenger Geschicht ginn d’Kanner an d’Thema agefouert. Duerch d’Kniwwel sollen d´Kanner hir eegen Talenter entdecken a mat verschiddene Materialien Bekanntschaft maachen. Et geet net drëm, dass d’Kanner alles fäerdeg bréngen a kleng Konschtwierker schaafen. Villméi solle si hir Fäegkeeten ausprobéiere kënnen. Duerch d’Spill kënnen d’Kanner sech op eng aktiv an experimentell Manéier mat hirem Ëmfeld an hirer Ëmwelt auserneesetzen.

D’Biber treffe sech regelméisseg fir hir Biberversammlungen. Donieft maache si Sortien, e Weekend vun enger Nuecht an den Héichpunkt vum Joer ass de Camp mat 3 Nuechten.