Dikricher Guiden a Scouten

St Laurent / Tony Noesen

Cavalcade 2017

Am Kader vun eisem 100te Gebuertsdag ware mir dëst Jar als Foussgrupp op der Cavalcade zu Dikrich mat !

« 1 of 10 »

100 Jar Feier

Den 28te Januar hate mer eis grouss Gebuertdsagfeier wou iwwer 350 al Memberen, al Chef a Frënn vum Grupp invitiiert waren. Hei fannt der Fotoen: https://goo.gl/photos/nRbh8nYrfVtytqwAA A gefilmt gouf och iwwer 24 Stonnen: http://100jar.amfloss.lu

Montéesweekend 2016

« 1 of 8 »

CaraPio Camp 2016

« 1 of 31 »

Al Dikrich 2016

large

Al Dikrich 2016

Al Dikrich steet virun der Dier an als Dikricher Jugendveräin si mer natierlich och vertrueden.

Kommt a besicht eis vum 8te bis den 12te Juli viirun der aler Kierch zu Dikrich a loosst eech verwinne mat allem wat de Grill an de Comptoir ze bidden huet !

Wann s du eis Hëllefe wëlls, da mell dich siier un, mir brauchen ëmmer fläissig Hänn !

CaraPio Mir bauen eng Bänk

Am 2. Trimester hu mir d’Entreprise “Mir bauen eng Bänk” gestart.
Heifir duerfe mir dem Gruppechef sein Atelier notzen. Well een op deenen aalen Maschinen nach besser oppassen muss gouf et mol als eicht op allen Maschinen eng Aweisung an eng kuerz erklärung wei dei funktioneiren.

Am Schapp hu mir Brieder fonnt di warscheinlech genau sou aal sen wei Atelier selwer. Dei mussen mir als eicht mol a Form brengen fir se dono zu enger gemittlecher Bänk zesummen de flecken.

« 1 of 7 »

Funkraid 2016 zu Ierpeldeng

Vum 9. op den 10. Januar waren 9 CaraPio, 2 RaRo an 2 Chef um Funkraid 2016 zu Ierpeldeng. Dëst ass e Rallye vum SNJ bei deem 70 Jonker sech nuets mussen dobaussen zurecht fannen. Wann eng Grupp verluer war konnt se iwwert Funk de Kojak fir Hëllef froe waat daat ganz fir di restlech Gruppe ganz lëschteg gemaach huet.

Eis 3 Gruppe sen och all eegendwei ukomm och wann et puer Hürden ze iwwerwanne gouf wei am Reen zerweeschte Landkaarten oder eng Policepatrull dei eng Grupp ugehalen huet.

« 1 of 4 »

Montéesweekend 2015

Vum 6. bis de 7ten November hate mir zu Dikrich an eisem Home de Montéesweekend deen ënnert dem Thema “Asterix an Obelix” stoung.

« 2 of 4 »

Kroatien 2015

IMG_00645 Vum 10. bis den 20. August ware mir, daat sen di Dikricher an di Eschdöerfer CaraPio zesummen um Camp a Kroatien. Mir hun zu Kreševo nievent engem Chalet vun de Scouten vu Split geschlof. De Chalet war fréier eng aal Schoul an ass lo een Formatiounszenter an hei organiséiere sie Projete fir Jugendlecher.

Nodeems d’Sonn sech no puer Startschwieregkeete konnt géint de reen duerchsetzen, nodeems mir eis e bëssen un di mi gemittlech aart-a-weis vun de lokale leit gewinnt hun an nodeems mer eng Schloofplatz fir eis Buschauffere fonnt hun stoung eis näicht mi am Wee.

Bei Kresevo huet de Floss Cetine sech schéin duerch d’Landschaft geschnidden sou dass ee lo a sengem Dall wonnerbar Rafting maache kann. Well d’Banneland vu Mëtteldalmatien awer zimlich bekannt fir seng dreschen a stengeg Landschaften ass sen mir oft rof op d’Küst gefuer. Zu Omiš ware mir Klammen an Tauchen. Op eisem klengen Hike vu Brela op Makarska konnte mir deene groussen Touristemasse kuerz entkommen an di schéin Küst e bësse mi roueg entdecken. Zu Split hu mer eis di schéin Aalstaat ugekuckt a mëttes konnten d’CaraPio da mol bësse virun de Chef flüchten. Natierlech waren d’Chef doriwwer net wierklech enttäuscht a konnten och mol ënnert sech sen. Am Bureau vun de lokale Scoute kruten si mei iwwert de Kroatesche Verband gezielt.
Ënnerwee fir zréck op Lëtzebuerg hu mer en Tëschestopp am Nationalpark Krka gemach. Hei konnte mer eis dann och eng leschte kéier an d’Waasser geheie befir mer eis rëm fir 20 Stonnen an de Bus gesat hun.

« 1 of 19 »

An hei nach e klengen Video vum Louis. Merci :)

Virowend Nationalfeierdag

« 1 of 8 »