Dikricher Guiden a Scouten

St Laurent / Tony Noesen

Wee si mir?

D’Dikricher CaraPio sinn e Grupp vu 15 Jugendlëchen vu 14 bis 16 Jar an hu 6 Chefs. Eis Versammlungen si regelméisseg Freddes vun 18h30 bis 20h00 zu Dikrich am Scoutshome.

Bei eis an de Versammlungen ass ëmmer genuch Gaudi an ëmmer vill lass, och wa mir nët zu ganz vill sinn. Mir ameséieren eis ëmmer herrlëch a stellen och sou munche Projet op d’Been.

Niewt enger ganzer Rei Aktivitéiten wéi zum Beispill aktuellen Theman déi an den Medien behandelt ginn, och bei eis an de Versammlungen ze diskutéieren, stinn natierlech Sortien, Weekender an een Auslandscamp an der grusser Vakanz op eisem Programm.