Dikricher Guiden a Scouten

St Laurent / Tony Noesen

Al Dikrich 2015

large

Al Dikrich 2015

Al Dikrich steet virun der Dier an als Dikricher Jugendveräin si mer natierlich och vertrueden.

Kommt a besicht eis vum 11te bis de 15te Juli viirun der aler Kierch zu Dikrich a loosst eech verwinne mat allem wat de Grill an de Comptoir ze bidden huet !

Wann s du dem Grupp mi no stees eis Hëllefe wëlls, da mell dich siier un, mir brauchen ëmmer fläissig Hänn !

 

Marche de l’armée / Marche internationale dikrich

Och dëst Jar waren d’Albatrossen an eis RaRo mir rem mat eisem Stand um Marche de l’armée vertrueden.

Schaffweekend

Vum Donnischtig 14te bis Sonndig 17ten hate mir Schaffweekend fir eise Chalet rëm an d’Reih ze kréien. 4 Dee laang gouf vill ugestrach a gehummert, Vill Memberen hu gehollef a mir kruten, wuertwiertlich, vill ëmgerappt ! Een décke Merci un ALLEGUER déi gehollef hunn !

t’ass Kiermes am Floss

Hei sinn nach Fotoe vun der Kiermes am Floss !

t’ass Kiermes am Floss !

Denkt drun äere Menu ze reservéieren !

Kiermes_Seite_1

Al Dikrich

large

Al Dikrich 2014

Al Dikrich steet virun der Dier an als Dikricher Jugendveräin si mer natierlich och vertrueden.

Kommt a besicht eis vum 11te bis de 15te Juli viirun der aler Kierch zu Dikrich a loosst eech verwinne mat allem wat de Grill an de Comptoir ze bidden huet !

Wann s du dem Grupp mi no stees eis Hëllefe wëlls, da mell dich siier un, mir brauchen ëmmer fläissig Hänn !

 

Marche de l’Armée 2014

Als Première hunn d’Albatrossen mat Hëllef vun de RaRo ee Stand um Marche de l’Armée iwwerholl for d’Marcheuren mat Gedrinks a Gefréiss ze versuergen. Ouni Grouss Tëschefäll hu mer dee ganze Samstig 14/06/2014 um Heemerich verbruecht an an der praller Sonn gegrillt a gezapt.

Schaffdag 17/02/14

E Meendig guuf am Floss geschafft. 4 Spaléierbeem an vill Blummen, Straicher a Buchenhecken méi spéit, war dunn alles am Buedem !

Wantercamp

Eis RaRo an e puer Albatrossen hunn hiere Wantercamp am d’Kleinwalsertal an Eisträisch verbruecht. Dat Ganz war vum 28. Dezember bis de 4. Januar. No en etliche Kilometere Schipisten a Foussmärsch si mer alleguer heel Doheem ukomm.

Keelespill

De 7ten waren d’Albatrossen sech op Wuellesse stäerken fir duerno op Schlënnermanischt Keele spillen ze goen. Mir hunn alleguer gewonn ;D