Avex

Wee si mir?

Mir sinn eng wëll Band vu 25 bis 30 Jugendlëchen tëschend 11 an 14 Joer a mir ginn vun 5 Chefs geplot.

Eis Haaptaktivitéiten sinn eis Versammlungen, déi mir all Freideg vun 18h30 bis 20h00 an eisem Scoutshome ofhalen.

Mir maachen regelméisseg Expeditiounen, sou wéi den Verband vun den Lëtzebuerger Guiden a Scouten et an senger Method virgesäit. Dat heescht, mir sichen eis en Thema (z.B. Planéiten, Photographie, Geheimschrëften, Konscht, Gewalt, …) iwwert dat mir dann verschidden Atelieren oder Aktivitéiten maachen bei deenen mir eppes iwwert dëst Thema bäiléieren an ausprobéieren.

Déi traditionell Scoutstechniken, wéi Kniet maachen, mat Kaart an Kompass kënnen ëmzegoen oder Spuerenzeechen ze liesen, kommen bei eis och net ze kuerz.

Nierwt den Versammlungen stellen verschidden Sortien, zwee Weekender an een Summercamp den wichtegsten Deel vun eisen Aktivitéiten am Laaf vun engem Schouljoer duer.

Wanns du bei d’AvEx komme wëlls, da mell dech ënner info@diekirch.lgs.lu​

Eis nächst Aktivitéiten

29.Mäerz
Freideg
18:30
20:00
Versammlung
Avex
5.Abrëll
Freideg
18:30
20:00
Vakanz, keng Versammlung
Avex
12.Abrëll
Freideg
18:30
20:00
Vakanz, keng Versammlung
Avex
8.Juni
Samschdeg
10:00
16:00
Höhlenwanderung
Avex
21.Juni
Freideg
18:30
20:00
keng Versammlung
Avex

Eis Chefekipp

Léon Cornélius
Jo-Anne de Waha
David Geraets