
Mir sinn eng wëll Band vun 15 bis 25 Jugendlëchen tëschend 11 an 14 Joer a mir ginn vun 5 Chefen geplot.
Eis Haaptaktivitéiten sinn eis Versammlungen, déi mir all Freddes vun 18h30 bis 20h00 am Scoutshome zu Dikrich ofhalen.
Mir maachen regelméisseg Expeditiounen oder Aventuren, sou wéi den Verband vun den Lëtzebuerger Guiden a Scouten et an senger Method virgesäit. Dat heescht, mir sichen eis en Thema (z.Bsp. Planéiten, Fotographie, Geheimschrëften, Konscht, Gewalt, …) iwwert dat mir dann verschidden Atelieren oder Aktivitéiten maachen bei deenen mir eppes iwwert dëst Thema bäiléieren an ausprobéieren.
Déi traditionell Scoutstechniken, wéi Kniet maachen, mat Kaart an Kompass kënnen ëmzegoen oder Spuerenzeechen ze liesen, kommen bei eis och net ze kuerz.
Niewent den Versammlungen stellen verschidden Sortien, zwee Weekender an een Summercamp den wichtegsten Deel vun eisen Aktivitéiten am Laf vun engem Schouljoer duer.