Vum 10. bis den 20. August ware mir, daat sen di Dikricher an di Eschdöerfer CaraPio zesummen um Camp a Kroatien. Mir hun zu Kreševo nievent engem Chalet vun de Scouten vu Split geschlof. De Chalet war fréier eng aal Schoul an ass lo een Formatiounszenter an hei organiséiere sie Projete fir Jugendlecher.
Nodeems d’Sonn sech no puer Startschwieregkeete konnt géint de reen duerchsetzen, nodeems mir eis e bëssen un di mi gemittlech aart-a-weis vun de lokale leit gewinnt hun an nodeems mer eng Schloofplatz fir eis Buschauffere fonnt hun stoung eis näicht mi am Wee.
Bei Kresevo huet de Floss Cetine sech schéin duerch d’Landschaft geschnidden sou dass ee lo a sengem Dall wonnerbar Rafting maache kann. Well d’Banneland vu Mëtteldalmatien awer zimlich bekannt fir seng dreschen a stengeg Landschaften ass sen mir oft rof op d’Küst gefuer. Zu Omiš ware mir Klammen an Tauchen. Op eisem klengen Hike vu Brela op Makarska konnte mir deene groussen Touristemasse kuerz entkommen an di schéin Küst e bësse mi roueg entdecken. Zu Split hu mer eis di schéin Aalstaat ugekuckt a mëttes konnten d’CaraPio da mol bësse virun de Chef flüchten. Natierlech waren d’Chef doriwwer net wierklech enttäuscht a konnten och mol ënnert sech sen. Am Bureau vun de lokale Scoute kruten si mei iwwert de Kroatesche Verband gezielt.
Ënnerwee fir zréck op Lëtzebuerg hu mer en Tëschestopp am Nationalpark Krka gemach. Hei konnte mer eis dann och eng leschte kéier an d’Waasser geheie befir mer eis rëm fir 20 Stonnen an de Bus gesat hun.
An hei nach e klengen Video vum Louis. Merci :)

