D’Nordstadjugend mecht am Kader vum Erasmus+ ee Projet wu aus Finnland, Spuenien, Italien, Eisterräich a Lëtzebuerg Jugendlecher sech selwer entdecke sollen. Dat Ganzt leeft ënnert dem Thema „Outdoor, a never ending activity“. Aus all Land komme 5 Jonker am Alter vu 15 – 18 mat engem Begleeder, su datt si zu 32 waren. Dëst Jar war et Sonndës 17. Juli zu Kolmer. Eis Aufgab war et, fir hinnen een Dag Dobaussen ze organisiieren, wu si gewise krute wéi een duerch verschidde Methode Feier mecht, wat Pakalu ass. Duerno koume puer Outdoor Spiller an ee Rally wou se Crashkueren kruten am Kaarteleesen, Spuereleesen a Geheimschrëfte kenne geliiert hunn.

