Dikricher Guiden a Scouten

St Laurent / Tony Noesen

Schaffweekend

Vum Donnischtig 14te bis Sonndig 17ten hate mir Schaffweekend fir eise Chalet rëm an d’Reih ze kréien. 4 Dee laang gouf vill ugestrach a gehummert, Vill Memberen hu gehollef a mir kruten, wuertwiertlich, vill ëmgerappt ! Een décke Merci un ALLEGUER déi gehollef hunn !

Sylvestercamp 2014-15

De 26. Dezember hun eis RaRo sech zu Lëtzebuerg an den Zuch gesat fir op Prag. No 2 Nuechten do mat verschiddene Visiten hunn se sech rëm an den Zuch gesat a bis op Budapest feiere gelooss. Och hei hunn si 2 Nuechte verbruecht an hei och Silvester gefeiert. Zum Ofschloss se se nach bis op Warschau gefuer fir do nach eng Nuecht ze verbréngen an de 4. Januar rëm zréck op Lëtzebuerg ze fueren.

t’ass Kiermes am Floss

Hei sinn nach Fotoe vun der Kiermes am Floss !

t’ass Kiermes am Floss !

Denkt drun äere Menu ze reservéieren !

Kiermes_Seite_1

Al Dikrich

large

Al Dikrich 2014

Al Dikrich steet virun der Dier an als Dikricher Jugendveräin si mer natierlich och vertrueden.

Kommt a besicht eis vum 11te bis de 15te Juli viirun der aler Kierch zu Dikrich a loosst eech verwinne mat allem wat de Grill an de Comptoir ze bidden huet !

Wann s du dem Grupp mi no stees eis Hëllefe wëlls, da mell dich siier un, mir brauchen ëmmer fläissig Hänn !

 

Cavalcade 2014

Op der Cavalcade ware mer mat eisem Grill an Zapwon vertrueden an hunn d’Lett mat Gedrinks, Gegrills a Gromperekichelcher versuergt !

Schaffdag 17/02/14

E Meendig guuf am Floss geschafft. 4 Spaléierbeem an vill Blummen, Straicher a Buchenhecken méi spéit, war dunn alles am Buedem !

Wantercamp

Eis RaRo an e puer Albatrossen hunn hiere Wantercamp am d’Kleinwalsertal an Eisträisch verbruecht. Dat Ganz war vum 28. Dezember bis de 4. Januar. No en etliche Kilometere Schipisten a Foussmärsch si mer alleguer heel Doheem ukomm.

Béier brauen zu Heischent

Vum 20. bis den 22. September 2013 haten eis RaRo an eis Chef e Weekend zesummen.

Freides owes waren sie op Heischent Béier brauen, Samschdes hu sie am Home geschafft an waren owes op Nuits des Lampions zu Woltz. Sonndes waren all Chef zesummen op den Chefdaach.

Schaffen un der Roverbud

Der Roverbud fehlt nach ee klengen Ubau, dee mer e Samstig an Ugrëff geholl hunn. Et ass nach ee gudde Batz ze maachen, mä soulues hellt d’Konstruktioun Formen un.