Dikricher Guiden a Scouten

St Laurent / Tony Noesen

t’ass Kiermes am Floss

Hei sinn nach Fotoe vun der Kiermes am Floss !

t’ass Kiermes am Floss !

Denkt drun äere Menu ze reservéieren !

Kiermes_Seite_1

Al Dikrich

large

Al Dikrich 2014

Al Dikrich steet virun der Dier an als Dikricher Jugendveräin si mer natierlich och vertrueden.

Kommt a besicht eis vum 11te bis de 15te Juli viirun der aler Kierch zu Dikrich a loosst eech verwinne mat allem wat de Grill an de Comptoir ze bidden huet !

Wann s du dem Grupp mi no stees eis Hëllefe wëlls, da mell dich siier un, mir brauchen ëmmer fläissig Hänn !

 

Wëllef

Wëllefcher Blank

Di Dikricher Wëllefcher sinn e Grupp vun 15 bis 25 Meedercher an Jongen am Alter vun 8 bis 11 Jar an hunn 12 Chefen. Eis Versammlungen sinn all Samsdig, vun 14h00 bis 16h00 am Floss zu Dikrich.

Hei gëtt haaptsächlich gespillt, gebastelt a gemolt, et ginn Lidder gesongen a Geschichten gelauschtert. Eis Versammlungen sti meeschtens ënnert engem speziellen Thema. Mir hunn ëmmer vill Spaass zesummen.

Heiansdo maache mir och eng Sortie, dat heescht, mir sen e ganzen Dag ënnerwee, grillen am Bësch a maache vill flott Spiller. Och e Rally organiséieren mir gären.

Een- oder zweemol am Jar ginn mir e ganzen Weekend fort. Mir schlofen an engem Chalet, kucken eis d’Duerf, an dem mer sen, méi genau un, bastelen, spillen a maachen eng flott veillee. Am Summer gi mer dann fir 5 Deeg op e grusse Camp bei eis am Land. Hei wunne mer meeschtens an Schoulen oder an enger Scheier, ënnerhuele vill zesummen, kachen eis och selwer an ameséieren eis gudd.

Eis Aktivitéiten baséieren op der Wëllefchersmethod an hunn als Virbild d’Jungelbuch vum Rudyard Kipling. Duerfir interesséiere mer eis och fir d’Natur an maache vill dobaussen. Mir probéieren eis géigensäiteg ze hëllefen an am Grup gudd mateneen eens ze ginn.

Mir léieren awer och e puer einfach Scoutstechniken, wéi zum Beispill Kniet machen, einfach Konstruktiounen, e Feier maachen, …