Dikricher Guiden a Scouten

St Laurent / Tony Noesen

Home Prince Jean

Beschreiwung

Eise Chalet gouf 1948 gebaut an ass säit deem regelméisseg eneiert gin fir de Gruppen de néidegen Comfort ze bidden. Mat senger Laag um Bëschrand an awer och nëmmen 800 Meter vun der Groussgaass fort ass en wei gemaach fir de Jonken schéin Aktivitéiten bidden ze kennen. Bëschspill, Duerfspill oder awer eng Veillée bäim Feier ass domat keen Problem.

An de Rubriken Fotoen a Pläng fannt fir Fotoen a Pläng vum Chalet an der Ëmgéigend. Hei kennt dir ierch esou schonn e Bild vun der Ëmgéigend maan.

Op de Fotoe gesäit een ënnen bei der Strooss d’Home vun den Dikricher Guiden a Scouten mat Appartement vum Portier um 1. Stack. Uewen am Bësch ass de Chalet deen un Gruppen verlount gëtt.

Kapazitéiten min. 15 – max. 50 Persounen
Wunnfläch 450 m2
Dortoire 1 22 Better
Dortoire 2 24 Better
Chefzëmmer 4 Better

Schlofsak, Schlappe fir dobannen, Toilettepapeier an Dreckstute musst Dir matbréngen!

Reservatioun a Präis

De Chalet ass am Januar an am Februar zou!

Präis 8,00 € / Persoun a Nuecht
Stroum, Gas, Wasser, Heizung 50,00 € / Nuecht
Kautioun 300,00 €

De minimal Präis fir een Dag gëtt fir 15 Persoune berechent a bedréit also 165,00 €.

D’Reservatioun ass léischt définitiv wann d’Kautioun vun 300,00 € iwwerwisen ass. De Rescht ass bis spéitsdens eng Woch virun der éischter Iwwernuechtung ze iwwerweisen!

De Chalet ass propper ze hannerlossen. Am Fall wou Schued sollt entstoën oder nët gebotzt ass, gëtt d’Kautioun zeréckbehal.

Nach Froën?

Hues du nach Froën oder wëlls de Chalet buchen, dann schéck eis einfach eng E-Mail.

Am Kalenner kanns du kucken wéini de Chalet nach fräi ass.

Kontakt

Dain Numm *
First and last name / Vor- und Nachname / Nom et prénom

Deng Email *
E-Mail / E-Mail / Couriel

Wéini kommt Dir un?
Date of arrival / Anreise / Date d'arrivée

Bis wéini bleiwt Dir?
Date of Departure / Abreise / Date de départ

Em wat geet et?
Subjekt / Betreff / Sujet

Däi Message *
Message / Nachricht / Message