Dikricher Guiden a Scouten

St Laurent / Tony Noesen

Konditiounen

Konditiounen

§0 Materialekipp

  • Dikricher Guiden a Scouten a.s.b.l. gëtt duerch d’Membere vun der Materialekipp vertrueden.
  • D’Materialekipp geréiert d’Material wat verlungt gëtt an ass och den Uspreechpartner dofir.

§1 Kader

  • Dëss Konditioune gëllen tëschent der Materialekipp an dem Lokatär deen d’Material lungt.

§2 Material

  • D’Material gëtt vum Lokatär zesumme mat engem Vertrieder vun der Materialekipp kontrolléiert.
  • D’Material ass an deem selwichten Zoustand an an däer selwichter Quantitéit zréck ze ginn, wéi et verlungt gouf.

§3 Finanzen

  • D’Kautioun ass am léiftse boer, den Dag wu d’Material ofgeholl gëtt, ze bezuelen. Den Dag wu d’Material kontrolléiert gëtt kritt de Lokatär d’Sue boer rëm, ofhängeg dovu wéi d’Material am Ausgangszoustand war. Falls d’Kautioun iwwerwise gëtt, muss se eng Woch viirum Datum bei eis um Konnt sinn. Si gëtt nodeems d’Material rem zréck ass och zréck iwwerwisen.
  • Gëtt keng Kautioun bezuelt, geet kee Material raus !
  • Dëse Kontrakt gëllt gläischzäiteg als Rechnung, falls net anischt aus gemach.
  • De Betrag ass per Virement op de Konnt IBAN LU24 0019 4355 8733 4000 (BCEELULL) ze iwwerweisen oder boer mat der Kautioun of ze ginn.

§4 Schued

  • Soubal d’Material iwwerginn ass, ass de Lokatär responsabel fir all Schued dee veruersacht gëtt. Dëst gëlt och wann Drëtter Schued maachen.
  • Wann d’Material rëm kënnt, gëtt et rëm kontrolléiert an evtl. Schied opgeschriwwen.
  • De Wäert vum Schued gëtt vun der Kautioun ofgezunn an op der zweeter Säit vum Kontrakt opgeschriwwen.
  • Ass de Schued méi deier wéi d’Kautioun sou behällt sech d’Materialekipp d’Recht vir, fir de geschëlte Betrag ze verrechnen.

§5 Konditiounen

  • Dëss Konditioune kënnen zu all Moment geännert ginn, a sinn op http://diekirch.lgs.lu/material/konditiounen ze fannen.
  • Mat der Ënnerschrëft ginn dëss Konditioune vum Lokatär ugeholl.
  • De Lokatär kritt eng Kopie vun dëse Konditiounen a gëtt iwwer Ännerungen informéiert falls dëst sollt an der Period geschéie wu nach Material verlungt ass.

§6 Kontrakt

  • Fräi Felder ginn duerchgestrach.
    De Kontrakt ass net gülteg soulang de Lokatär an ee Vertreeder vun der Materialekipp net ënnerschriwwen hunn.
  • De Kontrakt gëtt an duebeler Ausféierung ausgefëllt. (1 fir Materialekipp, 1 Lokatär)

§7 Verschiddenes

  • D’Benotze vun de Gasinstallatioune geschitt op eegent Risiko. Weder d’Materialekipp, nach d’Dikricher Guiden a Scouten a.s.b.l. kënne fir eventuell Schied u Persounen oder Material haftbar gemach ginn.
  • Ier d’Griller, d’Pan oder d’Frittendëppe a Betrieb geholl ginn, ass vum Lokatär ze kontrolléieren op d’Anlag an der Reih ass, an op ee risikofräie Gebrauch garantéiert ass.

§8 « Grill- an ZapWon » (GaZW)

  • De Grill- an ZapWon gëtt an de folgenden Artikelen als “GaZW” ofgekierzt.
  • D’Benotze vum GaZW geschitt op eegent Risiko. Weder d’Materialekipp nach d’Dikricher Guiden a Scouten hafte fir de Gebrauch vum GaZW a kënnen net responsabel gemach ginn fir Akzidenter déi um oder rondrem de GaZW geschéihen.
  • Et ass op dee richtige Gebrauch vum Gas opzepassen !
  • De Lokatär kritt ee Klasseur mat all den Instruktioune vum Botzen a Benotze vum GaZW.

§8.1 Botzen

  • De GaZW ass sou ze hannerloosse wéi e virfonnt gouf.
  • Dozou gehéiert alles : Frittendëppen, Kierwercher, Griller, Ofdrëpsblecher, Frigoen, Fënsteren, Uewerflächen, Pan, Grill, Zapanlag, Fënster, Oflagen, Hott a Buedem an evt. Grillkëst.
    Uewerflächen an de Buedem musse fettfräi sinn !
    Wann de GaZW net propper ass, gëtt d’Kautioun integral abehal, well d’Botzen opwenneg ass a vill Zäit an Usproch hëllt.

§8.2 Réckelen a Verkéier

  • Et ass verbueden de GaZW ze réckelen, ouni d’Averständnis vun engem Vertrieder vun der Materialekipp.
  • All Schued deen duerch onerlaabt Réckelen entsteet, gëtt vum Lokatär selwer bezuelt.
  • Am Verkéier gëllen d’Regele vum Code de la route. De Chauffer vum Gefier ass responsabel fir säin Handelen an de Schued deen duerch säin Handelen entsteht.

§8.3 Béier

  • Et däerfe just folgend Béierzorte verkaft ginn:
    • Vum Faass: Diekirch Premium Pils, Diekirch Brune, Diekirch Grand-Cru, Diekirch Réserve, Diekirch Noël, Hoegaarden Blanche, Hoegaardem Rosée, Leffe Blonde, Leffe Brune, Leffe Ruby, Belle-Vue Kriek.
    • A Fläschen: Diekirch Premium Pils, Beck’s, Diekirch Grand-Cru, Diekirch Réserve, Diekirch Noël.
    • Dëss Lëscht ass su fest geluecht a kann op kee Fall geännert ginn.
  • De Béier muss an deene jeweilege Gleeser oder Plastiks Bechere, vun der Mark di verzapt gëtt, verkaft ginn.