Léif Elteren a Frënn vun den Dikricher Guiden a Scouten,
Léif Biber, Wëllefcher, Avex, CaraPio, RaRo an Albatrossen,
Léif Cheftainen, Chef a Verwaltungsrotmember,

Vum 8. bis den 12. Juli 2022 ass wi all Jar d’Fest vun Al Dikrich ronderem di Al Kierch. Mir, Dikricher Guiden a Scouten, bedreiwen do och nees eis Baurekichen, wu mer grillen, zapen a Gromperekichelcher baken.

Fir di fënnef Deeg a Nuechten gutt iwwert d’Bün ze bringen, brauche mir vill engagéiert Fräiwëlleger. Mir zielen op är Mathëllef fir dass mir d’Aktivitéite vun den DIkricher Guiden a Scouten weider finanziell ënnerstëtze kënnen. Ënnert anerem leeë mir all eise Member een Deel beim Camp bäi.

Bei dëser Geleeënheet fanne sich bestëmmt vill Elteren, Frënn a Bekannten an enger flotter Ambiance erëm!

Fir dass dëst och alles soll klappen, muss jiddereen deen hëllefe wëll, sich bis Freides den 1. Juli umellen.

Rendez-vous ass all Kier virun der Aler Kierch ëm di Zäit déi um Programm uginn ass.

Merci am viraus a bis dann,

di ganz Chefekipp

Umeldung

[adkform]

Schichten

Programm

File Description File size
pdf HellefBreif2022 703 KB