CaraPio

Wee si mir?

Dat frees du dech elo sécher!

Mir sinn déi Branche an eisem Grupp, wou all Jugendlechen tëscht 14 a 17 Joer opgeholl gëtt. Mir treffen eis all Freiden vun 18 bis 20 Auer an eise Versammlungen.

A wat mir stiichten, frees du dech?

Och ganz einfach: Mir bastlen, bauen, kachen, zelten, koschteren, spillen, laachen, sangen, an hiken… kuerz gesot: MIR SCHAAFEN DÉI SCHÉINSTEN ERËNNERUNGE MATENEEN!

Bei eis kanns du dech dofir asetze fir interessant Projeten emzesetzen: Kicker a Sonnebänk bauen, de Branchesall gestalten, en Outdoor-Escaperoom plangen a villes méi. Dobäi kanns de och nach nei Techniken vun der Outdoorkichen kenneléieren.

Außerdeem gehéieren zu eisem Programm och sou munch traditionell Aktivitéiten, suwuel um regionale, wéi och um nationale Plang dobäi. Fir hei e puer Beispiller ze nennen: Mir sammle Sue fir e gudden Zweck andeems mer eis ënnert en Challenge um IronScout stellen, wou mir probéieren 65km an engem Dag zu trëpplen. Des Weidere ginn nach Rallyen, d’Woch am Floss a vill weider Treffen organiséiert. Den Highlight vun all Guiden- a Scoutsjoer ass een Auslandscamp, wous du och vill nei Plaze kenneléiere kanns.

Falls du bis elo nach net bei eis wars, kanns du hei suwuel um nationale wéi och um internationale Niveau nei Kontakter knäppen an och Erënnerungen an Erfarungen fir d’Liewen gewannen.

Wanns du bei d’CaraPio komme wëlls, da mell dech ënner info@diekirch.lgs.lu​

Eis nächst Aktivitéiten

12.Abrëll
Freideg
IronScout Clerf Luxemburg
 Freideg, 12. Abrëll 2024
 Sonndeg, 14. Abrëll 2024
CaraPio
5.Mee
Sonndeg
JoCaPi Diddeleng
CaraPio
8.Juni
Samschdeg
10:00
11:00
Speleo Avex/Pio
CaraPio
12.Juli
Freideg
Al Dikkrich
 Freideg, 12. Juli 2024
 Dënschdeg, 16. Juli 2024
Grupp
17.August
Samschdeg
CaraPio Summercamp
 Samschdeg, 17. August 2024
 Méindeg, 26. August 2024
CaraPio

Eis Chefekipp

Louis Bingen
Lynn Gaudron
Fränk Marbach