Dikricher Guiden a Scouten

Mir sinn de Grupp St Laurent / Tony Noesen vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten.

 

D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten sinn de gréissten edukative Jugendmouvement zu Lëtzebuerg. Eis Missioun ass et, déi Jonk dorop virzebereeden, spéiderhi Responsabilitéit fir sech a fir anerer z’iwwerhuelen. An deem Sënn bidden eis motivéiert Fräiwëlleg de Jonken en oppene Kader, wou jiddereen aktiv matmaachen a matbestëmmen dierf.

 Fir mech, fir dech, fir eis, fir jiddereen!

Zesummen a Gruppe kann all Eenzele flott Erfarunge maachen, Frëndschafte schléissen, sozial Fäegkeete léieren an sech perséinlech weider entwéckelen. Bei de Guiden a Scouten léieren déi Jonk d’Natur ze respektéieren, iwwer sech selwer an iwwert hiert Ëmfeld nozedenken – fir sech spéider aktiv, och fir anerer, anzesetzen.

Neies aus dem Grupp

Eis Branchen

6-8 Joer

8-11 Joer

11-14 Joer

14-17 Joer

17-23 Joer

23 Joer +