Shop

Wanns du Material brauchs, dann fro bei dénger Chef-Ekipp no:

Uniform | Fair Trade | Gréissten XXXS bis S 43 Euro
Uniform | Fair Trade | Gréissten M bis XXL 47 Euro
Foulard | All Branchen 13 Euro
T-Shirt | Dikricher Guiden a Scouten | Blo 15 Euro
Pullover | CaraPio Dikrich | Roud 25 Euro

Iwweis de Betrag duerno w.e.g. op de Konto vun eiser Gruppekeess [ BCEELULL LU11 0019 3000 0700 8000 ].

Mam Vermierk: « Branche + Numm vum Kand + Woufir et ass »

Sou zum  Beispill « Wëllefcher Susi Sorglos Uniform S »

Du kanns däi Material awer och am offizielle Shop vun
de Lëtzebuerger Guiden a Scouten kaafen:

Maison Lessure

1, rue Origer L-2269 | Luxembourg-Gare | Tel. +352 48 86 18

Ruff am beschten am viraus un!

Hei fënns du Uniformshiemer, Foularden, Rimmer, Fändelen, Badgen,
T-Shirten, Jacketten a villes méi wat mat den LGS ze dinn huet.

D’Maison Lessure gëtt sech zudem gréisst Méi fir Fair Trade Produiten unzebidden!

Aus zweeter Hand

Et muss net ëmmer alles nei sinn, mir hunn och eng Partie Saachen aus zweeter Hand!

Wann dech eppes dovunner interesséiert, dann schwetz déng Chef an der Versammlung einfach drop un!