Geschicht

Dëst war eng Expeditioun vun den AvEx am Joer 2005.

Während dëser Expeditioun hunn di verschidden Patrullen Recherchen iwwert di Dikkricher Guiden a Scouten ënnerholl an schlussendlech versicht di fonnten Donnéeën an verschiddenen Artikelen néier ze schreiwen. Sou ass een Historique iwwert di Dikkricher Guiden a Scouten entstanen an een Artikel iwwert den Tony Noesen.

Zousätzlech zu dësen Informatiounen aus der Vergaangeheet vun den Dikkricher Guiden a Scouten hunn d’AvEx och nach Interviewen mat zwee fréieren Gruppecheffen gefouert.

Wien war den Tony Noesen ?

Den Tony Noesen ass den 21.08.1905 gebuer. Hien ass zu Dikrich an d’Primärschull an an de Kolléisch gaangen.

Wéi den Tony Noesen mat der Schull faerdeg war, huet hien eng Dréckerei zu Dikrich opgemaach. Hien war Redakter vun senger eegener Zeitung, dem „Fortschritt“, déi hien och an senger Dréckerei selwer gedréckt huet. Dëst sollt och nach spéider an der Zäit vun der Resistenz vu grusser Bedeitung sin.

1926 fanne mer hien mat 21 Joer di ischte Kier als Assistentscoutmaster (also als Chef) op der Memberslëscht vun den Dikricher Scouten. An de Wëllefcher war den Tony Noesen ni. Dëst huet een einfachen Grond: wéi den Tony Noesen an deem Alter war, goufen et zu Dikrich nach keng Scouten. Mir hunn eis vun engem fréieren Wëllefchen, deen den Tony Noesen als Wëllefcherschef kannt huet, soë geloss datt hien ee strenge, ma zimmlech gerechte Chef war.

1932 war hien den éischten an deemols eenzege Scout aus eisem Land, dee seng Scoutsschoul zu Gilwell an England gemach huet an deen d’Recht hat och an eisem Land Gilwellcouren ofzehalen.

Den Tony Noesen war och am Verband vun de Lëtzebuerger Scouten ganz aktiv. Als Internationale Commissaire huet hien d’Leedung an d’Organisatioun vun der Lëtzebuerger Delegatiounen op deenen verschiddene Welt-Jamboreeën a Rovermooten iwwerholl. Ënnert deenen ernimme mir nëmmen folgend: 1929 war den Tony Noesen um 3. Jamboree an England derbäi. 1936 hält hien deen eischten nationalen Gilwellcamp zu Lëtzebuerg.

Dem Tony Noesen seng Roll an der Resistenz

Wéi den 10. Mai 1940 di Däitsch Truppen a Lëtzebuerg agefall sinn, kruten d’Scouten an nach vill aner Veräiner zu Lëtzebuerg et ganz schwéier gemaach. All Veräin, deen e Risiko fir den däitsche Besatzer duergestallt huet, gouf verbueden. Sou sinn dann och d’Scouten am Februar 1941 am ganzen Land verbueden gin an een Deel vun hierem Material gouf beschlagnahmt.

Heivunner hu sech di meescht Scouten awer net ënnerkréie geloss an si hun sech weider hanner zouenen Dieren getraff. Hei guff dann och zesumme mat Nët-Scouten beroden, wat een kéint géint di däitsch Iwermuecht ënnerhuelen. Op dës Art a Weis sin op verschiddene Plazen Resistenzorganisatiounen entstanen. An sou koum et datt een den Tony Noesen zu engem vun den Matgrënner vun der LVL (Letzebuerger Volléks Legion) kann zielen.

Wat den Tony Noesen genau an dëser Resistenzorganisatioun gemaach huet ass schwéier erausfannen. Hier Aktiounen hu missen virun den Däitschen verstoppt gin a waren dohier och zimmlech riskant. Wat mir awer mat Secherheet kënne soën ass folgendes: D’LVL huet ewéi vill aner Resistenzorganisatiounen gehollef Flugblieder fir de Referendum vun 1941 ze verdeelen.

Fir dem Tony Noesen seng perséinlech Roll ze beschreiwen hu mir folgend Ausso vum Jang Muller iwwer hien font: „Tony, du hues Honnerten an Honnerten vun eisen agezunnene Jongen e falsche Pass ausgestalt an se an de Minett dirigéiert wou se iwer d’franséisch Grenz bruecht goufen.”

Allerdéngs huet dëst een Enn fonnt, wéi den Tony Noesen vum 21.10.1943 – 2.11.1943 am Gronn am Prisung gefange gehal gin ass. Duerno ass hien wéi vill aner Lëtzebuerger Resistenzler an d’Konzentratiounslager op Hinzert komm. Den Tony Noesen sollt d’Fräiheet fir déi hien sech suvill agesat hat net méi rëmgesinn. Hien ass de 25. Februar 1944 vun der SS am Bësch zu Hinzert no beim KZ higeriicht gin. Op der Plaz wou den Tony Noesen an 22 aner Lëtzebueger Resistenzler erschoss goufen steet haut ee Gedenksteen. Och um Militärkierfecht zu Hamm steet ee Kreiz fir hien.

Firwat heeschen mir haut: „St.Laurent/Tony Noesen“

Di Dikricher Scouten goufen 1917 ënnert dem Numm „Dikricher Baden Powell Boy-Scouts“ gegrënnt. 1932 guff den Numm op „Scouten St.Laurent Dikrich“ ëmgeännert, well den Patréiner vun der Dikricher Dekanatskierch den St.Laurent ass. Nodeems d’Scouten während dem Krich vun den Däitschen verbueden waren, ginn 1946 „d’Scouts Tony Noesen“ nei gegrënnt als Undenken un hiere verstuerwene Chef.

Wéi dun 1994 d’Lëtzebuerger Guiden an d’Lëtzebuerger Scouten fusioniert hun, si geschwënn drop aus de „Scouts Tony Noesen Dikrich“ an aus de „Guides St.Laurent Dikrich“ d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten St.Laurent/Tony Noesen Dikrich gin.

     

PERSEINLECHES

Wéini bass du Member bei de Scouten gin ?

1935 sin ech bei den Dikricher Scouten Member ginn, als Wëllefchen. D’Wëllefcher woren réischt 2 Jaar virdrun hei zu Dikrich gegrënnt ginn a kuerz drop hate mer een Akela deen d’Formatioun gemaach hat, an dunn hun och d’Wëllefcher zu Dikrich ugefaang. Ech war mat an deem éischten Rouddel waat hei zu Dikrich entstaan as.

Fir waat bass du an d’Scouten gaang ?

Ech hat an der Primärschull héieren dass aner Kanner an de Scouten wieren. Mäi Brudder war och dobäi a wann hien dann erzielt huet waat si do alles gespillt hun, daat huet mech dann natierlech interesséiert. Ech hu mech dunn direkt do gemellt, a sin dunn an d’Wëllefcher komm (ech war virum Krich just an de Wëllefcher). Mir sinn haaptsächlech fir ze spillen an d’Versammlungen gaang a fir mat aneren Jugendlechen zesummen eppes ze erliewen.

Vun wéini bis wéini wars du Gruppechef ?

Vun 1956-1981, an dunn huet den Jacques Dahm dës Charge iwwerholl.

Firwaat bass du Gruppechef ginn ?

Mir haten deemols bei weitem net sou vill Memberen wéi haut, an och d’Chef waren lang net zou souvill. An do war et automatesch, wann een Patrullechef war, da gouf een Assistent. Et waren der emmer die nett dobäibliwwen sinn an op emol war ech deen, deen d’Veranwortung ze droen hat. Ech war vun 1945 un, dat heecht, vun nom Krich un, Assisstentscoutmaster, an du Scoutmaster an duerno sinn ech Gruppechef ginn.

Fir waat hues du als Gruppechef opgehal ?

Wann een e gewessen Alter kritt, dann denkt een d’géif een net méi sou gudd eens mat deenen Jonken ginn. An wann een e kapablen Mann hannendrun huet, soll een deem eng Plaaz man, daat soll jiddefalls bei de Scouten ëmmer berücksichtegt ginn. Ech war a sin och dono emmer gär dobäi fir ze hëllefen oder e gudde Rot ze ginn, mee et sollt een aneren d’Verantwortung fir de Grupp iwwerhuelen.

Wéi hues du d’Scouten als Kand respektiv spéider als Chef(Gruppechef) erliewt ?

Als Scout, do muss ech soen, hun ech kaum eppes am Leewen begéint, wou sou villsäiteg Formatioun fir de Charakter a fir alles wat de Mensch brauch fir am Liewen zollit do ze stoen erleewt hun. All déi aner Jugendvereiner sinn zimlech eensäiteg, do ass zum Beispill de Sport, quitt dass d’Komerodschaft och do muss gepflegt ginn. Mee wat mer als Aktivitéiten zesummen hei bei de Scouten erliewen, daat as eng Formatioun, déi mengen ech jidderengem zegudd kënnt. Jiddereen kritt d’Méiglechkeet eng Kéier een Nol anzeschloen oder een Seel ze benotzen, eppes waat een spéider am Liewen vläicht nach eng Kéier brauch.

Daat Wichtegst ass awer mat Komeroden zesummen ze sinn a virun allem de Camping ass d’Haaptsaach vun de Scouten an e Pluspunkt par Rapport zu anere Vereiner.

Wéi stees du zou der Fusioun vun de Guiden a Scouten ?

Ech fannen et gudd. Vun un das och an de Schullen Jongen a Meedercher gemëscht sinn war et nëmmen normal, dass et an de Scouten och sou géif kommen. Obwuel héi zu Dikrich haat et bessen méi laang gedauert wéi an aneren Uertschaften.

Fënns du et gudd, datt mir eis esou moderniséiert hun (Computer, Material, Camp,…) ?

Do muss ech soen dass ech bei eenzelne Saachen net méi mat gin. Ech muss awer ennersträischen waat mer och um Branchecamp opgefall war, dass awer nach ganz vill Saachen sinn déi mir och schon déi Zäit gemach hun, Konstruktiounen a sou weider. Et sollen virun allem Aktivitéiten sinn déi d’Scouten mat der Natur verbannen, an et soll een sou dacks wéi méiglech dobaussen sinn.

Wéi bass du haut nach an de Scouten aktiv ?

Ech kommen nach ëmmer an de Grupperot a wann ee mech brauch kommen ech gär aushëllefen. Waat d’aktiv Schaffen ubelangt, sinn ech net méi grad 100 % do, mee ech sin awer gär bereed mäi Pefferkärchen beizeleen.

Am Moment sinn ech nach de Präsident vum Verwaltungsrot (a.s.b.l. Gesellschaft huet misse gegrennt gin fir kënnen d’Home ze hunn).

Waat huet dech motivéiert sou lang bei den Dikricher Guiden a Scouten aktiv ze sinn ?

Do gëtt et sou e Sprëchwuert „Eemol Scout, emmer Scout“ dat bleift bei mir jiddefall. Op allefall sou laang ech wibble kann interesséieren ech mech fir d’Scouten. De Moment bal nëmme méi fir déi Dikricher, mee an der Zäit hunn ech awer och an der Federatioun gehollef.

SCOUTEN ALLGEMENG

Wéini sin d’Dikricher Scouten gegrënnt gin ?

1917

Wéi eng Aktivitéiten goufen deemols (virun gudd 40 Joer) gemaach ?

D’Scouten waren vum Jünglingsverein fir d’éischt eng Sektioun déi soi-disant Sport gemaach huet. Am Ufank hunn d’Scoutsaktivitéiten aus Meeting, Competitiounen bestaanen. An du ass lues a lues dem Baden Powell, dem Grënner vun de Scouten,  seng Idee emgesat ginn, d’Idee, dass Kanner a Jugendlecher vill Saachen bei de Scouten erliewen, begéinen, léieren sollten an dunn as och d’Idee vun de Campen komm. Am Ufank goufen mol sou Sortien gemaach, no der Vesper sinn Sortie vun 5 – 10 km an der Emgéigend gemaach ginn a lues a lues koumen dunn d’Campinger dobäi.

Wat hun d’Scouten geléiert  (Holzkonstruktiounen, Kniet, Kompass, Kaart,…) ?

Zu menger Zeit, dat heescht vun 1945 un, haten mer well dat éischt Verspriechen. Holzkonstruktiounen, Kniet, Kompass, Kaart, daat hu mer praktesch alles déi Zäit och scho gemaach, quitt dass mir an engem Sall soutzen mee mir sin awer och eraus gang. Et waren net sou performant Kaarten wéi mer se haut hunn, mee mir sinn awer och mat Kaart an Kompass gang.

Wéi huet z.B. eng Montee ausgesin ?

D’Montee ass eng Aktivitéit déi méi spéit bei eis agefouert gin as. Ganz oft si mir an de Kalebësch gaang, do sin dann Aafebrécke gespaant ginn. Déi  véier Branchen daat heescht : Wëllef, Scouten, Pionéier an Rover waren dann do. D’Rover hun dann d’Bréck opgericht. Déi Grouss hunn daat fir déi aner mat virbereed. Wann d’Montee fäerdeg war sinn d’Wëllefcher och iwer d’Aafebréck gang.

Wéi waren d’Weekender an d’Campen zu Ärer Zäit ?

D’Weekender waren net sou heefeg wéi haut. Et as versicht ginn 1-2 Weekender am Joer ze man. Campen haten mir prinzipiell Päischten an an der grusser Vakanz. Daat war net vill anescht wéi haut, ausser dass mir net sou gudd installéiert waren wéi haut, dat heescht zum Beispill a punkto Kichen an Kabinet hate mir net daat wat dir haut sou virfannt. Deemols haten mir nach den Donnerbalken, mir haten keen Frigo an d’Zelter hun net sou stand gehaal, haut sinn se méi robust. Deemols gouf et nach Klassenepreuven. Daat war déi Zäit eng zweet Klass: do huet een zu zwee eng kleng Rees misse maachen an doriwer e klenge Bericht maachen. Fir déi éischt Klass-Rees huet e missten dobaussen schlofen, quitt dass et awer meeschtens an enger Scheier war, mee nie an engem Home, an et huet een dann doriwer missten e Rapport maachen. Et war am Fong geduecht fir daat praktesch unzewenden wat ee geléiert hat.

Wat waren d’Haaptaktivitéiten vun deenen verschiddenen Branchen ?

Déi waren net sou verschidden vun deenen vun haut. Bei de Wëllefcher waren et haaptsächlech Spiller, mat Spiller eppes léieren, bastelen. Et goufen do och well e puer Kniet geléiert an Theater gespillt. Mir haten och e puer méi reliéis Aktivitéiten wéi Prozessiounen oder mol eng Andacht. Regelméisseg war och een Aumônier an der Versammlung, an d’Versammlung gouf ëmmer  mat engem Gebiet ugefaang. Bei de Scouten war et deementspriechend bësse méi, do goufen och alt mol Gocare gebaut. Et waren Aktivitéiten ähnlech wéi dir se haut huet. An da gouf et nach all Trimester eng Sortie an de Bësch.

Seit wéi lang sin d’Scouten op al Dikrich aktiv ?

Déi Dikricher Scouten sinn vun Ufank un bei Al Dikrich dobäi. 1969 war daat déi éischte Kéier. Ech war deemols am Comité vun Al Dikrich. Et gouf fir d’éischt mol een bis zwee Owender gegrillt an daat huet sech am Laaf vun de Joren geännert bis mer haut bei deene fënnef Owender vun Al Dikrich am  Asaatz sin.

Wéi waren d’Scouten deemols organiséiert ? Waren d’Scouten deemols schon grad sou opgedeelt wéi haut (Wëllef, AvEx,…) ?

Deemols wéi ech dobäi war, goufen et 3 Branchen : d’Wëllefcher, d’Scouten an d’Rover an besse méi spéit goufen d’Scouten gedeelt, daat heescht, du waren et d’Scouten an d’Pionéier. Daat as dunn och sou bliwwen bis  zur Fusioun wou d’Meedercher dobäi komm sin.

D’Uniform war op eemol kaki, d’Wëllefcher haten e Pullover a Bereten an d’Scouten haten hier grouss Hitt.

Wéi eng Mëttelen haten se ?

Déi Zäit si mir sou vill wéi méiglech Éierememberskaarten ophiewen gaangen. Déi Suen an déi vum Theaterspillen, daat waren méi oder wéineger d’Recetten vun de Scouten. Spéider koum dunn d’Home an Al Dikrich dobäi. Eng Zäit laang si mir och d’Revue ausdeele gaang a mir hunn och missten d’Suen ophiewen. 5 % waren fir eis an da konnte mer eis no enger Zäitchen een Zelt leeschten. D’Mëttele waren méi beschränkt, mee mir hunn eis duerchgeklappt.

Scouten deemols… Scouten haut…

Sou verschidden ass et guer net. Waat ech gudd fannen, ass, dass d’Chef eng Formatioun matmaachen an dann sech mat anere Gruppen austauschen kënnen an eppes fannen waat jonk Leit interesséiert.

Goufen et deemols och Badger ?

Jo. Als Wellefchen hat ech relativ vill Badger. Ech war deemols Sixer. Ech hunn deemols Timberen gesammelt an fir dass ech deen Badge sollt kréien hun ech déi Zäit dem Sektiounsmaster, daat war den Tony Noesen (deem säin Numm mer elo droen), hie war Redakter vun der Zeidung déi hei erauskomm ass vum Norden, mäin Album gewisen an doropshin krut ech dann dee Badge. Dann haat ech nach den Massendéngersbadge daat gouf et och. Bei de Scouten gouf et emmer Badger, dann hate mer nach heiansdo Spezialbadger, e Jeersbadge, daat war daat Héchst wat et gouf an dann gouf et allméiglech Saachen déi vum Verband ausgeschriwen goufen.

Et as jiddefalls eng gudd Saach. Et kann een sech jo do eraussichen waat engem Spaass mecht, an daat dann bessen méi seriö duerchféieren a vläicht muss een dann nach e Spill fir Kollegen opzéien.

Wéi eng Betscher has du a wéi hunn se ausgesinn ?

De Sammlerbadge war warscheinlech eng Lupp mat engem Timber drënner. Bei de Wellefcher waren se ëmmer styliséiert dat wat se sollten duerstellen, d’Rout Kräiz fir d’Eischt Hellef oder de Kachbadge hat een Deppen, den Interpret wann een zoufälleg bëssen franséich konnt schwätzen net nëmmen liesen, da gouf et deen vun de Kniet oder dem Bricoleur. Oder de Campeursbadge do hues de missen schon e puer Nuechten um Camping geschlof hunn. Do hate mer sou Steef an all Kéier wann e Camping war hu mer een Zelt ageritzt an dann wéivill Nuechten dass de do geschloof hues.

D’Badger waren emmer een „Stimulant“ fir dass een sech druginn huet an eppes bäigeléiert huet.

Wéi huet d’Uniform ausgesinn ?

Déi huet puermol changéiert. Vun un dass ech dobäi sin : an de Wellefcher hate mir e Pullover, e klenge Berret mat dem Wëllefcherskapp drop an eng kuerz blo Box. Bei de Scouten war d’Uniform ähnlech wéi haut, just mat engem Hutt. De Foulard war déi Zäit integral blo. Deemols hate mer och Fändelcher fir d’Patrullen ze kennzeechnen. All Patrull hat een Déier (Panther, Fiiss, Schmuebelen, Kawechelcher). Daat waren speziell Faarwen. Déi Zäit gouf et och Stären, wanns de eng gewëssen Zäit an de Scouten wars (no fënnef Joer krut een e Stär).

Op engem Camp oder Jamboree gouf et dann och ëmmer e Badge.

D’Uniform war net vill anescht wéi haut mee et goufen baal ausschliesslech kuerz Boxen.

Wéivill Memberen haten d’Dikricher Scouten am Duerchschnëtt (Tabelle) ?

Virum Krich as et mat 54 Memberen ugaang an direkt nom Krich ware mer dunn op eemol zou 130. 1955 as et staark biergagaang à 63. 1999 louch d’Memberzuel och méi déif as dunn awer rem an d’Lut gaang. Et as een Op an Of, mee momentan stagnéiert d’Memberzuel.

HOME

Wéi sinn déi Dikricher Scouten un hiert Home komm (wéini war dat, wéi huet et deemols ausgesin) ?

Un eist eegent Home si mer 1948 komm. Virdrun waren d’Scouten am Parhaus, daat war op der Kluster. Dëst as awer an der Rundstedt verbrannt, an nom Krich si mer an d’Vereinshaus am Scala komm. Du si mer op Grond vun enger Schenkung vun der Joffer Leider an de Floss komm. Dunn kruten mer nom Krich, mat deenen Leit déi eppes dovu kannt hun, 3 Arbeitsdienstbuden, déi grouss do uewen eng méi eng kleng hei ennen an déi kleng am Besch. 1946 gouf alles opgeriicht an du goufe mer och de Grupp Tony Noesen. Dunn hu mer dat heit opgeriicht an dann hu mer se lues a lues verbessert. Dat war 1948.

Wéi huet et ausgesin ?

Praktesch sou wéi d’Roverbud, sou waren se all, mee an der Roverbud sin nei Fensteren drakomm. Vu baussen waren se d’selwecht, et waren Elementer déi zesummegeschrauwt goufen an da war einfach Dachpappe als Daach drop an d’Terrasse hat een hölzene Buedem.

Lues a lues ass dëst oder dat verbessert ginn, d’Carcasse vun der grousser Bud besteet nach, mee soss ass awer villes ersaat oder emgeännert (verbessert) ginn.

Hei ënnen waren all Säit Patrullenecker an an all Eck stung e klengen Däiwelchen (d.h. sou e klengen Uewen). Do war eng Patrull, haat se d’Dier opgeloss oder ech wees net wat, et waren Kuelen erausgefall an et war een hölze Buedem an dunn huet et gebrannt. D’Pompjeën hunn all d’Fënsteren futtigehaan, fir dass den Damp soll fortgoen an hunn dunn dat Feierchen geläscht a sinn fort gaang. 2 Stonnen drop huet et richteg gebrannt du war d’Loft drukomm. Op déi Manéier koume mer méi séier zu eppes méi performantes.

Dest war 1954.

Dunn hu mer eis zesumme gedoen, d’Assurance huet net allzevill bezuelt. Dunn hu mer Sue geléint (déi mer lues a lues ofgestottert hun) fir rem opzebauen. Haut as Gott sei Dank d’Participatioun vum Ministère de la Jeunesse bësse méi grouss. Deemols war daat net de Fall a mir hun laang gedoktert bis mer iwwer d’Ronnen koumen.

Wéi as d’Home no der Verbrennung nei entstaanen ?

Mir hun Plange gemaach a mir hun dunn decidéiert fir d’iewescht Home fir Vakanzen a Weekender ze benotzen an dunn hu mer d’Portierswunneng op den eischten Stack gesaat an daat war eng gudd Saach (wann een no der ganzer Saach kuckt).

Ween huet gehollef d’Home rem opzerichten (wéi as dëst finanzéiert gin)?

Op Grond vun deem waat mir geléint haten, ass dunn den Daach vun Handwierksleit gemaach gin mee déi eng oder aner Arbecht hu mer selwer gemaach. Am ënnischten Home ass awer de Gros vun Handwierksleit gemaach ginn, quitt dass mer doropshin eng flappeg Schold haten, mee et huet och missten séier goen. An Zäit vun 7-8 Méint war et dunn fäerdeg.

PERSEINLECHES

Wéi laang bas du schon an den Dikircher Guiden Scouten aktiv?

Zenter 1959 Member an zenter 1965 Chef

Firwat bas du an d’Scouten gaang?

Well ech gären dobaussen an der Natur gespillt hun

Wéi hues du d’Guiden oder Scouten als Kand erliewt?

Et war eng flott Zeit, wu e villes geliert huet

Wat motivéiert dech vir no sou villen Joren nach ëmmer am Veräin aktiv ze sinn?

Ech well dat wat ech bei de Scouten erliewt hun un d’Jugend weidergin an hinnen hellefen eng Plaaz an der Gesellschaft ze fannen

Wisou bas du Gruppechef ginn?

No 17 Jar Chef bei den Explorer a wi de Marcel Thillen opgehaal huet war et bal eng Flicht fir mech, déi Aarbicht als Grupechef virunzeféieren. Grupechef gin war fir mech emmer su d’Apoteose vum Chef sen bei de Scouten

Wat war deng Aufgab als Gruppechef?

De grup leeden a versichen déi verschidde Branchen mi no beieneen ze kreien. Dann war awer och d’Organisatioun vun „Al Dikrich“ eng haart Noss.

Wéini an virwat hues du opgehalen als Grupechef?

No 20 Jar Grupechef hun ech 2002 opgehalen. Ech hu fonnt ech wir lo ze al fir e Jugendmuvement ze féieren.

Wat ass deng aktuell Aufgab am Veräin?

Ech bekömmere mich emt d’Verlungen vum Home Prince Jean.

Geess du nach mat op Campinger?

Neen.

Wat ass haut anescht bei den Guiden a Scouten wi fréier?

Ech hoffen neischt Wesentliches, soss as et kee Scoutissem mi!

Fënns du et gudd, datt mir eis esou moderniséirt hunn (Computer, Material, Camp, …)

Dat as net schlecht, ma d’Liewen an a mat der Natur muss och nach bleiwen, well dat jo hett bei der Jugend emmer mi wegfällt. Et muss e wësse wat d’Natur as a wat se fir eis bedeit.

FUSIOUN

Firwat sinn d’Guiden a Scouten fusionéiert ginn?

Zesummen as e mi staark wi eleng. Et as och wichtig, dat Meedercher a Jungen sich an der Freizeit kenne lieren fir spidder am Liewen gut matennen eens ze gin.

Wéi eng Problemer hunn sech dobäi gestallt oder ass dat ganz einfach iwwert d’Bühn gaang?

Et war net einfach fir d’Guiden ze iwerzeegen; si hu gefaart d’Junge giffen hinnen all Poste weghuelen.

Wat sinn Vir- an Nodeeler vun der Fusioun?

Viirdeller: kuck enner 12

Et brauch e verschidde Saachen nëmmen 1 Kier

Nodeeler: ech wees net op et deer gët, well ech net mi mat enger Branche ze doen hat, nemme mam Grupp. Do se mer gud eens gi mateneen.

Haten d’Guiden a Scouten schon virun der Fusioun Aktivitéiten zesummen? Och di Dikricher?

Jo: RARO; hei zu Dikrich och Pio a Caravellen

Wou waren di ischt Campinger vun den Guiden a Scouten zesummen?

Dat wees ech net.

Gouf et Fréier méi oder manner Guiden a Scouten wi haut?

Et guf der mi; d’Scouten waren an der Zeit zu +/- 120 an d’Guiden och nach zu enger 60 oder mi, dat wees ech net su genau.