Melody: Félix Schaber
Arranged by: Ralph Dullnig
Text: Änder Hirtt
Mures wann d’Klack an aller Fréi laut,  
Da gët zu Dikkrich de Béier gebraut.  
De Braumeeschter as jo dann och schon um Dill,  
A wiirzt eise Béier mat esu vill Gefill.  
 
A Fläschen, a Fässer gët heen agefëllt,  
An d’Ländche gefouert, duer wu et gëllt.  
Hei heewe mir d’Glas ze läschen eis Bränn.  
Fir d’ischt awer klappt dir ganz dichtig an d’Hänn!  
 
Ee gudden Dikkricher, de bréngt eis all op d’Been,
Egal wini wu, mir si beieneen,
An drinken een Himpche vun Dikkrich mat Genoss,
Hee schmaacht iwwerall, do baussen an och soss!
 
Owes am Ländchen, do as munches lass,  
Hei bréngt heen eis esu richtig a Schmass.  
Da gët gefeiert, gegéckst a gelaacht.  
Heen hält eis d’Parti well een Dikkricher schmaacht.  
 
Mir drinken op d’Frëndschaft a nët nëmmen een!  
Mat Dikkricher do gi mir nach laang nët heem,  
Dann heewe mir d’Glas ze läschen eis Bränn.  
Fir d’ischt awer klappe mir ganz dichtig an d’Hänn!  
 
Ee gudden Dikkricher, de bréngt eis all op d’Been,
Egal wini wu, mir si beieneen,
An drinken een Himpche vun Dikkrich mat Genoss,
Hee schmaacht iwwerall, do baussen an och soss!
 
Ee gudden Dikkricher, de bréngt eis all op d’Been,
Egal wini wu, mir si beieneen,
An drinken een Himpche vun Dikkrich mat Genoss,
Hee schmaacht iwwerall, do baussen an och soss!
 
A wann owes spitt emol Problémer entstinn,  
Eng kleng am Kanelli, dat soll et nach gin,  
Da gi mir zu Fouss, den Auto bleiwt ston,  
Firwat solle mir eis mat 4 Reeder plon?!  