1. An engem klengen Dueref, gouf Butschebuerg genannt,
do hate mir kee Lueref, d’Leit hun eis all erkannt.
Mat Knëpplen a mat Benglen, sin si eis nogewëscht,
mir si geflu wéi d’Englen, mam Instrument op d’Mëscht
Hei t’ass eng Freed, ewéi ët geet.
Mir halen op der Gaass. Mir man de Leit vill Spaass.
D’Klarinett ass ëmmer prett. D’Leit laache sech eng Boss mee t’ass jo nët emsoss
2. Ass Kiirmes mol dorëmmer, da si mir fein eraus,
mir man ët wéi déi Lënster, a gi vun Haus zu Haus.
Mir sangen a mir päifen a fenken kräfteg un,
da komm aus alle Fënstren, d’Kachdëppen nogeflunn.
Hei t’ass eng Freed, ewéi ët geet.
Mir halen op der Gaass. Mir man de Leit vill Spaass.
D’Klarinett ass ëmmer prett. D’Leit laache sech eng Boss mee t’ass jo nët emsoss
3. Mir haate wuel am Liewen, scho munnëch schwiereg Fäll.
A sollte mier mol stierwen, da fléie mier jupps an d’Hell!
Mir fenken un ze blosen, dat hällt keen Däiwel aus,
mir blose wéi klorosen, bis dass s’ons looss’n eraus.
Hei t’ass eng Freed, ewéi ët geet.
Mir halen op der Gaass. Mir man de Leit vill Spaass.
D’Klarinett ass ëmmer prett. D’Leit laache sech eng Boss mee t’ass jo nët emsoss
4. Da komme mir an den Himmel, wou d'Engelcher jo sin,
Mir zéien un der Bimmel a man eng glécklech Minn.
Wa mir e Liddche sangen, dat d'Maueren ziddren deet,
Dann d'Engelcher déi sprangen, vu lauter Gléck a Freed.
Hei t’ass eng Freed, ewéi ët geet.
Mir halen op der Gaass. Mir man de Leit vill Spaass.
D’Klarinett ass ëmmer prett. D’Leit laache sech eng Boss mee t’ass jo nët emsoss
5. Da kënnt den helge Péitrus: "Ech mengt, wann dir iech dréckt!
Dir maacht mir jo méng Englen, méng Engle ganz verréckt!"
Do si mir rëm ofgaangen, do si mir ofgefall,
An ouni Zéck a Baangen, op Diddléng an den Dall.
Hei t’ass eng Freed, ewéi ët geet.
Mir halen op der Gaass. Mir man de Leit vill Spaass.
D’Klarinett ass ëmmer prett. D’Leit laache sech eng Boss mee t’ass jo nët emsoss