1. Fu méngem Duerf goung ech hier,
Dat frësch am Grénge lait
Dohannen iw'rem grousse Mier
Sou wait fu mier, sou wait;
Do steet en aremt klinzecht Haus,
Eng Bänk virun der Dir,
Do breet eng Lann hir Blieder aus,
Mecht kille Schied derfir :
Wéi hun ech d'Hierz sou wéi !
Get mir main Dach fu Stréi
A méngem Duerf erem,
Ech ginnm iech alles drem !
Wéi hun ech d'Hierz sou wéi !
Get mir main Dach fu Stréi
A méngem Duerf erem,
Ech ginnm iech al--les drem !
2. Fu ménger Mamm fort goung ech hier;
Dé gudden Engel do,
Mat hirem Hierz gét iwer d'Mier
Si iweral mir no;
Op onser Bänk virun der Dir
Hu mir sou oft gesiess,
A koum ons d'Liewen däischter fir,
Mir hun et do fergiess:
Wéi hun ech d'Hierz sou wéi !
Get mir main Dach fu Stréi
A méngem Duerf erem,
Ech ginnm iech alles drem !
Wéi hun ech d'Hierz sou wéi !
Get mir main Dach fu Stréi
A méngem Duerf erem,
Ech ginnm iech al--les drem !
3. Fun hinnen zwé fort goung ech hier,
Hunn néierens keng Rou;
An zënter zwëschen ons dat Mier,
Gin ech och nët méi frou;
Kënnt op der Bänk virun der Dir
Ech sëtzen eng Minutt
Bei hinnen zwé, da wär et mir
Op deser Welt rem gutt !
Wéi hun ech d'Hierz sou wéi !
Get mir main Dach fu Stréi
A méngem Duerf erem,
Ech ginnm iech alles drem !
Wéi hun ech d'Hierz sou wéi !
Get mir main Dach fu Stréi
A méngem Duerf erem,
Ech ginnm iech al--les drem !