1. Donnerknippchen ech komme lo grat, vun enger prachtvoller Friess.
Eng ganzeg Rëtsch u Saachen, sou an engem Siess.
Ech hu gekickt, ech hu gebafft, ech hu gefrupst mat Genoss.
Ech hu keen eenz'ge vun de Pla'n, erlaanscht gelooss.
Wourëms et sech gedréint: "Lëtzebuerger Spezialitéit!"
Maja 't gouf Baurenträipen,
't gouf Liewerknidd'len, Kuddelfleck an och Gehäcks.
Duerno, fir de Mo ze stäipen,
en Huesenziwwi, Fierkelsjelli, 't gouf ze fräcks.
Duerno, 't gouf Gardebounen,
Judd, Quetschentart, gekachte Kéis a Bouneschlupp.
Souguer goufen't Melounen, echt Kaffisbounen an een Zoossisswupp.
2. Fréier bei de Ritter, op all Buerg an op jidder Schlass.
Do goufen et schéi Fester, 't war nach eppes lass.
Siwenanzwanzeg Platen, vun dem beschte Fleesch, Poulet, Fësch.
Fir d'Ritter an hier Frae, stoungen do um Dësch.
An haten's d'Bäich puppsat, da gouf nach Wupp derbäi gemaach.
Maja 't gouf Baurenträipen,
't gouf Liewerknidd'len, Kuddelfleck an och Gehäcks.
Duerno, fir de Mo ze stäipen,
en Huesenziwwi, Fierkelsjelli, 't gouf ze fräcks.
Duerno, 't gouf Gardebounen,
Judd, Quetschentart, gekachte Kéis a Bouneschlupp.
Souguer goufen't Melounen, echt Kaffisbounen an een Zoossisswupp.
3. Hautdesdags sinn d'Leit erëm, vun all dem ville Gefréiss.
Keng Gromp'ren a keng Zoossiss, just nach Uebst, Geméis.
De Blinddarm an de Blutdrock hautdesdaags si blous méi a Moud.
Den Doktor gëtt Iech dann eenzock: "Du bass ze so'n bal doud!"
Do gëtt et just ee Reméid: "Lëtzebuerger Spezialitéit!"
Duerfir, friesst Baurenträipen.
Friesst Liewerknidd'len, Kuddelfleck an och Gehäcks.
Duerno, fir de Mo ze stäipen,
en Huesenziwwi, Fierkelsjelli, friesst ze fräcks.
Duerno, friesst Gardebounen,
Judd, Quetschentart, gekachte Kéis a Bouneschlupp.
Souguer friesst och Melounen, echt Kaffisbounen an een Zoossisswupp.