Ech sin de groussen Hexemeeschter
Well wann ech Hookes Pookes son
Sin all Gespenster wéi all Geeschter
mir ënnerdon, mir ënnerdon.
Kennt eppes an de Stall geschlach,
A mueres sin all Kéi gestrach
Hällt sech anzwou eng Trau licht op
Sin d'Wichtelcher a menger Kichen
A setzen d'Kréibänk nuets op d'Kopp
Da kommen d'Leit mech sichen (2*)
Ah! Kuck elei, kuck elei, kuck elei:
Deen aanren Daag, deen aanren Daag
Ass alles an der Rei !
Ech sin de groussen Hexemeeschter
Well wann ech Hookes Pookes son
Sin all Gespenster wéi all Geeschter
mir ënnerdon, mir ënnerdon.
Ass do an dem verwenschte Schlass,
Am Liichteschäin der Deiwel lass,
Wéisst gier en Ehemann bescheet,
Op d'Fraa, wann's op dem Biesen
reiden,
No Koppelescht mat danze geet:
Wien hëlleft dann dei Leiden? (2*)
Mee! Hei elei, hei elei, hei elei:
Keen aaneren, keen aaneren
Keen aaneren wéi deen hei !
Ech sin de groussen Hexemeeschter
Well wann ech Hookes Pookes son
Sin all Gespenster wéi all Geeschter
mir ënnerdon, mir ënnerdon.