1. De Yankee ësst mat Genoss "Filet Tartare".  
De Ruski schwiert nëmmen op de Kaviar.  
Beim belschen Noper gëtt et pommes d'terre frites,  
déi dir fir fënnef Frang op allen Ekke kritt.  
Zu Marseille schluppt een d'Bouillabaisse,  
den Homard mat der Mayonnaise.  
Zu Tréier gëtt et "im Gelee".  
Schweinerippchen fir déi preisesch Mee.  
Mä d'lëtzebuerger Stéit hun eng Spezialtitéit,  
et ass kee Fleesch, 't ass kee Geméis, et ass de Kéis.  
 
/
Ei, ei, ei, ei, mir hu gekachte Kéis,
t'ass ee Genoss, dat schmantegt gielt Gefréiss.
Kéis op enger laanger laanger Kuuschtm
an en Humpe fir den Duuscht.
Mat Botter drënner, drop e Moschterflapp
ei, ei, ei, ei, wéi schmaacht en dann dem Papp.
Mä gëtt uecht, de Kéis ass nëmmen echt,
wann e pescht, wann e pescht, wann e pescht!
 
 
2. Fir sou e gudde Kéis ze kachen  
do gitt beileiwen net an eng Molkerei.  
Eng Baurefra mat eng ätlech décke Brachen  
bréngt iech déi Saach  
vill méi schneekeg an eng Rei.  
Gefengt gepress a gudd getriwwelt,  
gerappt, gefault, am Bett gemautscht,  
et ass kee Mënsch, deen dat veriwwelt  
duerno getriwwelt an zerknautscht.  
Jo, d'Lëtzebuerger Stéit  
hun eng Spezialitéit,  
et ass kee Fleesch, 't ass Geméis,  
et ass de Kéis.  
 
Ei, ei, ei, ei, mir hu gekachte Kéis,
t'ass ee Genoss, dat schmantegt gielt Gefréiss.
Kéis op enger laanger laanger Kuuschtm
an en Humpe fir den Duuscht.
Mat Botter drënner, drop e Moschterflapp
ei, ei, ei, ei, wéi schmaacht en dann dem Papp.
Mä gëtt uecht, de Kéis ass nëmmen echt,
wann e pescht, wann e pescht, wann e pescht!