Melody: Edmond de la Fontaine (1823 – 1891)
Text: Edmond de la Fontaine (1823 – 1891)
1. De Jeeër, deen huet vill auszesto'n,  
de Jeeër, dee kann och vill verdro'n  
Dach eppes dat verdréit hien nët,  
da's wann et näischt ze drénke gët  
Wéi dack wor mir bal d'Häerz vermuuscht,  
vun iwwerschwängelechem Duuscht!  
 
D'Fëscher an d'Jeeër sin Plättelefeeër
Tralala, lalala, lalala, la
D'Fëscher an d'Jeeër sin Plättelefeeër
Tralala, lalala, lalala, la
Si hunn dréche Longen, 't sin duschterech Jongen
Si hunn dréche Longen, 't sin duschterech Jongen
D'Fëscher an d'Jeeër sin Plättelefeeër
Tralala, lalala, lalala, la
 
 
2. Am Jeer, do ass gewëss gutt Stofft  
mä näischt ziert méi ewéi fresch Loft  
Wann si allzäit dobausse sin  
da kritt hien gudden Appetit!  
Huet hien de ganzen Dag gejot  
da brauch hien keng Zalot beim Brot!  
 
D'Fëscher an d'Jeeër sin Plättelefeeër
Tralala, lalala, lalala, la
D'Fëscher an d'Jeeër sin Plättelefeeër
Tralala, lalala, lalala, la
Si hunn dréche Longen, 't sin duschterech Jongen
Si hunn dréche Longen, 't sin duschterech Jongen
D'Fëscher an d'Jeeër sin Plättelefeeër
Tralala, lalala, lalala, la