1. Scho virun dausend Joer, wor et bei ons ganz fein,
do hate mir, 't as kloer, schon Drauwen an de Wäin.
Och Branntewäin a Béier goufen am Ländche gebraut,
sou war bei ons et scho fréier, sou hale mir et nach haut.
Ech drenke gier mäi Pättchen, a mengem Stammlokal.
Doheem an och beim Kättchen, mir schmaacht en iwwerall.
Drenkt mat Genoss äert Glieschen,
a maacht iech näischt ze din
well onse Mislerwengchen as Hergotssmedezin,
well onse Mislerwengchen as Hergotssmedezin!
2. An hun ech eemol Suergen, doheem a mengem Stod,
beim Wirt sin ech gebuergen, do gin ech net gelot.
Dofir loosst iech et soen, geet eppes iech géint de Strech,
wann d'Surgen iech emol ploèen, da maacht et grad wéi ech!