Fir den Ufank vum neie Guiden a Scoutsjoer maache mir Samschdes den 1. Oktober eng Schnupperversammlung vu 14h bis 17h wou mir all eis Member an Elteren an all interesséiert nei Member invitéieren ee Nomëtteg mat eis am Floss ze verbréngen. Mir organiséieren verschidden Atelieren wou mir weise wat mir kënnen a wëllen d’Geleegenheet notze fir och d’Eltere vun eise Member kennen ze léieren.

Mir géingen eis freeën wann jiddereen dee Samsdeg bis laanscht géing kommen.

Eis Albatrosse schmäissen de Grill an de Comptoire a suergen dee ganze Nomëtteg fir eist läiwlecht Wuel.