Mäin éischt Material

Bei all neiem Member stellt sech spéitsdens virum Camp d’Fro wéiee Material ee brauch a wat een alles kafe soll. Dës Säit vun soll beim Zesummensetze vum éischte Campmaterial hëllefen.

Verschidde Saache gehéieren zur Grondauststattung vun all Guide a Scout. Allerdings weess een um Ufank net direkt op wat ee soll beim Kaaf oppassen. Vill vun dëse Saache kann ee säi Liewe lang halen, dofir ass eis Devise:

Direkt dat richtegt kaafen an dofir nëmmen eemol!

Net alles muss nei sinn. “Wat ass méi cool wéi dem Bopa séng al Gamelle mat op de Camp ze huelen?”. Oder eventuell huet däi lokale Grupp och eng Këscht mat gebrauchtem Material wat ee kréie kann, fro mol no!

Hei ass eng onvollstänneg Lëscht vu Material wat jidderee sou brauch:

  • Allegemeng
    Rucksak, Täschelucht, Täschemesser
  • Eessen
    Gamelle, Becher, Besteck, Bidon
  • Schlofen
    Schlofsak, Carrymat
  • Gezei an Uniform
    Hiem, Foulard, Box, Jackette, Schong, …
  • Wäschen
    Zännbiischt, Seef, Handduch

*zu deenen ënnerstrachene Saache gëtt et hei ee Kapitel

Natierlech hänkt et stark dovunner of a wéienger Branche dass een ass. Sou brauch zum Beispill ee Wëllefche keen Zelt an ee CaraPio keng Seef … 😉

Kuck der och enker eis Lëscht mat Saachen aus zweeter Hand un! Villäicht fënns de hei wats de brauchs!

Rucksak

Fir op de Camp brauche mir ee Rucksak. Woibäi déi kleng Branchen dëse just huele fir déi puer Meter vum Bus bis an de Chalet ze trëppelen, huelen déi mi grouss Branchen de Rucksak och fir op den Hike.

Vill Leit hu Rucksäck déi se net oft gebraucht hunn. Kuck obs de net iergentwou ee gebrauchte Rucksak fënns. Fir ee mol am Joer op de Camp ze goen. erfëllt dësen och den Zweck. Als Erwuessene kann ee sech jo dann ee neie kaafen, wann ee weess wat ee genee wëll an ob een e nach brauch.

Gréisst :: Fir Biber a Wëllefcher bitt sech un ee klengen Rucksak fir Erwuessener ze huelen (aplaz vun engem Kannerucksak). Dëse kann een spéiderhinn nach gutt fir Week-Ender oder als Dagesrucksak benotzen.

Ab den Avex brauch een awer ee grousse Wander Rucksak fir op de Camp, hei soll alles dra passe wat sie mathuelen. E soll allerdings rem net ze grouss sinn, sou dass een en och selwer nach packt! 75 Liter ass eng gutt Mooss.

Modell :: Fir Fraën oder Männer gëtt et oft ënnerschidlech Modeller déi anescht geformt sinn. Et ass wichteg, dass de Rucksak un déng Statur ugepasst ass. Looss dech do am Fachbuttik beroden!

Schlofsak

De Schlofsak huele mir op all Week-End a Camp mat, a schleefen en och des öfteren iwwert epuer Deeg um Hike mat. Beim Kaaf soll ee sech am beschten an engem sérieuxe Buttik berode loossen.

Material :: Mir ënnerscheeden tëschent Daunen a Konschtfaser Schlofsäck. Dauneschlofsäck sinn usech dat bescht wat ee kréie kann wat Gewiicht zu Wärmt ugeet. Allerdings hu se och grouss Nodeeler déi fir eis awer relevant sinn : se si méi Pflegebedürfteg, se hale net warem soubal se fiicht ginn, an d’Haltungskonditioune vun den Déieren si ganz oft fragwürdeg. Vu dass mir keng grouss Biergexpeditioune maachen, ass fir eis ee Synthetesche Schlofsak an der Regel dat bescht.

Temperaturberäich :: Fir eis ass een Dräijoereszäite-Schlofsak meeschtens de beschte Choix. Heimatter kënne mir dobausse schlofen, awer och am Chalet. Vill leit hunn och nach een dënnen Summer-Schlofsak fir dobannen.

Gréisst :: Et soll een direkt ee Schlofsak fir Erwuessener kaafen. Aus dem Kannerschlofsak wiisst een ze séier raus. Deen deel deen de Schlofsak ze lang ass, kann ee ganz einfach ofbannen (zB. mat engem Rimm).

Modell :: Et gëtt och oft tëschent Männer a Frae Modeller ënnerscheed. Se ënnerscheede sech an der Gréisst, déi eng hale bëssi méi warem wéi di aner a se si bëssen anescht gepolstert. De Choix hänkt vun der eegener Statur of.

Label :: Besonnesch wanns du een Dauneschlofsak wëlls kaafen, dann pass drop op wou d’Daunen hierkommen, an dass se net unbedingt aus enger ‘Lebendrupfung’ kommen. Hei gëtt et eng ganz Partie Labelen, déi dodrop oppassen.

Carrymat

Bei Carrymatten gëtt ett mëttlerweil vill Choix. Allerdings brauche mir hei och rem näicht extraës. Einfach ass meeschtens dat bescht.

Modell :: Et gëtt opblosbar Carrymatten a fester. Fester sinn an der Regel méi schwéier a méi sperreg. Allerdings si se och extrem robust, halen éiweg lang a si méi bëlleg. Opblosbarer kréie gär ee Lach a sinn oft relativ deier. Ee Feldbett ass an der Regel net néideg.

Material :: Déi klassesch fest Carrymat ass aus 1 cm déckem Schaumstroff.

Gréiss :: Opblosbare Carrymatten kritt een an alle Gréissten ze kaafen. Huel hei keng ze kleng. Mir maache keng Biergexpeditiounen, wou et op all Gramm ukënnt. Dohier kuck dass de genug Plaz drop hues a bequem leis.

Gamelle a Becher

Wann mer eis direkt eng gutt Gamelle kaafen, dann kënne mir déi eist ganzt liewen halen. Gamelle gëtt et vill an d’Auswiel ass oft schwéier, ma hei epuer Punkten op déi een oppasse kann:

Material :: Inox ass laanglieweg, rascht net, ass hygienesch a liewensmëttelecht. Well mir um Feier kachen ass et ganz wichteg dass kee Plastik verschafft ass.

Beschichtung :: Am beschten huet eis Gamelle keng Beschichtung, dann hält se am längsten an iwwerliewt eis abenteuerlechsten Aktivitéiten.

Form a Gréisst :: Am beschte sou dass de Becher an éventuell och d’Besteck dra passt, ma dat hänkt och vun der Form vun der Gamelle of.

Grëff :: Wann ee Grëff dobäi ass, soll dësen aus Metall an ouni Plastik sinn, fir dass e net am Feier schmëlzt.

Besteck

Am Buttik fanne mir ganz vill verschidde Forme Besteck: fir ze klappen, aneneenzestiechen, extraliicht, extra kleng asw. Mir brauchen allerdings net vill: Läffel, Forschette, Messer – näicht Extraes. Villméi wichteg ass dass mir et remerkennen, dofir gravéier däi Numm drann!

Gréisst :: Ee méigleche Kritère ass dass d’Besteck an d’Gamelle dra passt. Wann et knaschteg ass dann besaus de dir sou net däi ganze Rucksak.

Material :: Hei gëllt och rem: Plastik ass ze vermeiden, bei Aluminium gëtt et mëttlerweil gesondheetlech Bedenken, Inox ass rem di beschte Wiel. Ma net ze vergiessen, Besteck wat et well gëtt ass ëmmer besser wéi eppes neies kaafen.

Recycling :: Aalt Besteck vun doheem matbréngen – d’Welt huet méi wéi genug Besteck fir jddereen. 🙂 Hei ass et dann och net sou schlëmm wann een aneren däi Besteck um Camp apéckt (jo, dat soll alt mol geschéien) oder wanns du et verléiers.

Täschemesser

Fir den Ufank mëcht et sënn een einfacht Schwäizer Messer ze kaafen. Dëst muss net vill Schnickschnack hunn: Messer, Schéier, See, Flaschen- an Dosenöffner.

Bidon

De Bidon hu mir op quasi all eisen Aktivitéiten dobäi. Sief et um Camp, op engem Rallye, enger Sortie oder einfach an eisem Alldag.

Material :: Bidonen fënnt een am Plastik, Glas oder Metall. Glas ass fir bei eis denkbar ongënsteg well et séier ka briechen. Hei ass natierlech Inox déi wahrscheinlech langliewegste Variant. Wichteg ass dass d’Fläsch bannendranner net beschicht ass. Anstänneg Qualitéit vermeit dass d’Dichtung oder d’Beschichtung ofbliedert an am Mond land.

Gréisst :: Fir en Dagesausfluch oder Hike brauch ee meeschtens ee Bidon vun 1 L Waasser. Fir ze vermeiden datt ee spontan niewent engem klenge Bidon nach eng Einwegfläsch muss kafen, huel direkt een 1L Bidon mat.

Stopp :: Bidon mat anstännegem Verschluss: vermeid net nëmme Sauerei am Rucksak, mee och de Fait dass een no zwee Joer erëm ee neie keeft well ee genervt ass. 😉

Isolatioun :: Et gëtt och Thermobidonen, déi halen däi Waasser am Summer schéi kal an däin Téi am Wanter warem. Bedenk just dass se doduercher och méi Plaz am Rucksak weg huelen.

Täschelucht

Beim Nuetsspill fir de Wee ze fannen, beim Lagerfeier fir den Text vum Camplidd ze liesen oder Owes fir am Däischteren de Wee op d’Toilette ze fannen: d’Täscheluucht kënnt all Dag um Camp an den Asaz. Och wann een, grad als méi ale Scout, ëmmer eng Handytäscheluucht dabäi huet, sou ersetzt dës ni eng anstänneg Täscheluucht.

Kapp- oder Handluucht :: D’Meenunge zu Kapp- oder Handluucht gi wäit auserneen. De grousse Virdeel vun enger Kapp-luucht ass de Fait, datt ee permanent zwou Hänn fräi huet, wat bei quasi all den Aktivitéiten eenorm praktesch ass. Dat bedeit natierlech awer datt ee permanent e Band ëm de Kapp huet. Schlussendlech ass et eng Fro vu Firléift.

Hellegkeet :: Fir datts du och am Däischteren deng Zännbiischt an der Wiss erëm fënns a net dat ganzt Duerf wëlls beliichten, soll denger Täscheluucht hir Liichtkraaft maximal 200 Lumen hunn.

Et gëtt mëttlerweil och Luchten mat engem roude Filter. Sou stéiere mer och d’Déieren am Bësch manner.

Batterie :: Haut fënnt ee vill Täscheluuchten, déi mat engem opluedbaren Akku fonktionnéiren. Dëst ass huet souwuel ökologesch wéi och ökonomesch Virdeeler. Allerdéngs sollst de bedenken, datt et Campsituatioune ginn, wous du (bal) keng Méiglechkeeten hues, däin Akku ze lueden. Dofir ass eng Täscheluucht, déi suwuel mat Akku wéi och mat Batterie fonktionéiert, usech déi perfekt Léisung.

Dëse Guide ass vun der Aarbechtsgrupp Nohaltegkeet vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten.