Formatioun

Mir ënnerstëtzen eis Chef dobäi fir hier Formatioun ze maachen.

Déi klassesch Formatioun zum Scoutschef soll déi Jonk drop virbereeden Kanner wärend Fräizäitaktivitéiten ze betreien. Sie solle léieren eis Versammlungen, Week-Ender respektiv Campen ze organiséieren an ze encadréieren. Fir mat dëser Formatioun unzefänke muss ee mindestens 16 Joer al sinn.

De Mérite Jeunesse ass een internationale Programm fir Jonker vu 14 bis 25 Joer. Déi Jonk kënne sech hier Ziler selwer eraussuchen a musse sech fir déi verschidden Niveauen 3 Méint (bronze), 6 Méint (sëlwer) oder 12 Méint (gold) a verschiddene Beräicher engagéieren.

Zousätzlech gi bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten nach eng ganz Rei u weidere Formatiounen a ganz verschiddene Beräicher ugebuden. Sou zum Beispill am Jugendschutz oder der Naturpädagogik.

Op wat warts de nach?

Maach mat an engagéier dech!

Wanns du nach Froen hues, dann mell dech bei eis.

Brevet Animateur

Mat 16 Joer kann een ufänke séng Formatioun zum Scoutschef ze maachen.

Den éischten Zyklus besteet aus 75 Stonnen Théorie a 75 Stonne prakteschem Stage. Wärend ee fir d’Théorie un 3 Week-Ender vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten deelhëllt, mëcht ee säi praktesche Stage duerno bei eis lokal am Grupp. Duerno kritt ee séng Ernennung als Assistents-Scoutschef. Zum Ofschloss gëtt ee mam Brevet B vum Service National de la Jeunesse belount.

Den zweeten Zyklus besteet aus engem Formatiouns-Camp. Duerno kritt een d’Ernennung zum Scoutschef. Zum Ofschloss gëtt een zousätzlech mam Brevet C vum Service National de la Jeunesse belount.

Zousätzlech kann een duerno nach den Brevet F maachen. Domatter duerf een dann selwer op Formatiounen hëllefen Sessiounen ze halen.

Mérite Jeunesse

 Ee Programm fir all Jonken. Beim Mérite Jeunesse ka jidderee matmaachen, deen tëschent 14 a 24 Joer al ass a Loscht huet, sech innerhalb vun engem flexibele Programm sech seng perséinlech Ziler ze setzen an déi a sengem eegene Rhytmus ze erreechen.

D’Fondatioun Mérite Jeunesse Lëtzebuerg gehéiert zur weltwäit unerkannter Organisatioun The Duke of Edinburgh’s International Award, déi an iwwer 40 Länner aktiv ass.

Maach däi Mérite bei de Guiden a Scouten!

Engagéier dech a 4 verschiddene Beräicher an enteck wat an dir stëcht, andeems du souwuel déng Fäegkeete verbessers, Neies ausprobéiers an dech fir däi soziaalt Ëmfeld engagéiers. Et geet drëm, an alle 4 Beräicher weiderzekommen an dat Schrëtt fir Schrëtt. Du brauchs net alles gläichzäiteg ze maachen. Et ass Ausdauer gefrot an du selwer entscheeds iwwert deng Aktivitéiten a dodriwwer wéi deng Ziler ausgesinn.

Et lount sech beim Mérite aktiv ze ginn.

Engagéier dech a maach eppes fir eng Zukunft:

    • erlief vill flott Momenter
    • begéin nei Leit
    • entdeck nei Aktivitéiten an Talenter
    • du kriss een Zertifikat als Unerkennung
    • du engagéiers dech an enger parascolairer Aktivitéit, déi dir fir d’Liewen awer och um CV eppes bréngen!

Bronze

Ab 14 Joer a Minimum wärend 6 Méint aktiv sinn.

Sëlwer

Ab 15 Joer a Minimum wärend 12 Méint aktiv sinn.

Gold

Ab 16 Joer a Minimum wärend 18 Méint aktiv sinn.

All Niveau huet 4 Beräicher an deenen ee aktiv muss sinn:

    • Fräiwëlleg Aarbecht | Engagéier dech an der Gesellschaft.
    • Talent | Erweider deng Kompetenzen, z.B. an der Konscht, Musek, Wëssenschaft, …
    • Sport | Maach eppes fir deng Gesondheet
    • Expeditioun | Abenteuer an der Natur, egal ob ze Fouss, mam Vëlo, mam Kajak, …

Formation Continue

Zousätzlech bidden d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten nach eng ganz Partie weider interessant Formatiounen a ganz ënnerschiddleche Beräicher un:

    • Kachen a Ravi
    • Outdoor
    • Pedagogik
    • Scoutstechniken

Du muss dech just umellen a matmaachen!