Text: Traditionellt lëtzebuergescht Lidd
1. De Jangli fiert den Houwald rop  
O wär en gutt do uewen op der Hesperkopp  
D'Maschinn wackelt iwwert d'Schinnen dohin,  
Vu lauter Damp kënnt dir net méi ganz vill gesinn  
 
2. De Scheierbierg erof do geet et méi schnell  
Do héiert een d'Gebimmels nawell vun der Schell  
Zu Réimech op der Gare hält en een Abléck  
Da gëtt en ëmgedréit an da geet et nees zréck.  
 
3. Säi Frënd de Charly ass e Geck  
E fiert duerch d'Avenue erop iwwert d'Nei Bréck  
Laascht d'Charlys Gare ab de Rollengergronn  
Do brauch een ongeféier annerhallef Stonn.  
 
4. Zu Iechternach do kënnt en un  
D'Sprangprëssessioun, déi war e Mount virdrun  
Mä d'Voyageueren, déi sinn apaart  
Da gëtt eben op déi vum nächsten Joer gewaart.  
 
5. Am Kongo freet sech haut all Af,  
Well mir hunn eisen Zichelchen dohin verkaf  
All Neger ass geschwënn gutt drun  
Wann si eemol de Jängelchen dohannen hunn.  
 
6. Dofir hale mir op eis Eisebunn  
Wou dir och hinn wëllt, well dir kommt ëmmer un  
Oft matt Verspéidung, mä 't ass egal  
Duercherneen gerëselt awer dir kritt d'Féiss net kal.