Text: Traditionellt lëtzebuergescht Lidd
1. Huet d'Auer owes sechs geschlon, da gëtt am Buttek Freed.  
Gläich gëtt den Hittchen opgedon, a fort op heem et geet.  
Nach eemol d'Groussgaass op an of, dat duerf kee Mënsch hinne verwieren.  
Well do ginn all déi op an of, déi d'Meedecher hun esou gieren.  
 
D'Hechtercher aus der Stad, Tipp topp eraus gemat.
Hu si d'Schoulbicher nach ënnert dem Aarm,
da gi si do ruechter, hunn d'Hierzer scho waarm.
Vill schéi Versprieche man, a blënzle mat dën Aan.
Sou huet déi Zort et nach ëmmer gemaach,
D'Hechtercher aus der Stad.
 
2. So Marie kuck emol de Pier, wat ass hie flott gekleed.  
'T soll een net son dass hien et wier, wann hien esou do steet  
En Houffert huet e wéi e Fräsch, e Marsch wéi e preiseschen Prënz.  
Ma sécher huet en an der Täsch mol net fir e Stékkelche Mënz.  
 
D'Hechtercher aus der Stad, Tipp topp eraus gemat.
Hu si d'Schoulbicher nach ënnert dem Aarm,
da gi si do ruechter, hunn d'Hierzer scho waarm.
Vill schéi Versprieche man, a blënzle mat dën Aan.
Sou huet déi Zort et nach ëmmer gemaach,
D'Hechtercher aus der Stad.
 
3. An do de Jang deen huet et flott, op senger neier Plaz.  
E kritt vun engem Affekot e halwe Sou vum Saz.  
D'lescht wollt hie jo, denk Dir mol un, sech mat menger Schwester bestueden.  
Mäi Papp, dee sot: Du Bouf, gees d'un, soss kriss du de Puppes gefruden.  
 
D'Hechtercher aus der Stad, Tipp topp eraus gemat.
Hu si d'Schoulbicher nach ënnert dem Aarm,
da gi si do ruechter, hunn d'Hierzer scho waarm.
Vill schéi Versprieche man, a blënzle mat dën Aan.
Sou huet déi Zort et nach ëmmer gemaach,
D'Hechtercher aus der Stad.
 
4. Dofir dir Joffre loost Iech son: Winnt Iech et léiwer of,  
an d'Groussgaass owes nach ze gon, eng Kéier op an of.  
Well wat dir do nach kënnt gesinn, Studenten a Schreiwer a Lompen.  
Déi an der Täsch kee Su méi hunn, soss séizen se sécher beim Humpen.  