1. D'Madamen aus der Sichegaass, déi stounge v'run der Diir.
Haut gouf et eescht, verbäi de Spaas, si rieden hin an hier.
D'Regierung hat een Här geschéckt, ze kaafen Haus fir Haus.
An 't ass em wéi et schéngt gegléckt, si mussen all eraus.
Kanner o Kanner o quel malheur, mir mussen aus der Rue des fleurs.
Wéi ass dat mënscheméiglech nur, mir musse fort vum Théiwesbuer.

2. D'Gréit jäizt: Mir hale nët méi stall, mat Dreë geet et duer!
Weisst deen sech nach am Pafendall, da flitt en an de Buer.
Ah non! Sot d'Siss, mir plënneren, an d'Lougaass trotz dem Knascht.
Sollt do en Hond eis hënneren, hu mir och gudde Kascht.
Kanner o Kanner o quel malheur, mir mussen aus der Rue des fleurs.
Wéi ass dat mënscheméiglech nur, mir musse fort vum Théiwesbuer.
Kanner o Kanner o quel malheur, mir mussen aus der Rue des fleurs.
Wéi ass dat mënscheméiglech nur, mir musse fort vum Théiwesbuer.
3. Mä d'Stole Broscht seet: Hieft Verstand, mir street kee Sand an d'Aan.
Och d'Lougaass hällt net lang méi stand, wësst dir da wat mir man.
Op d'Käerche baue mir een Dag, eng Roulotte huet säi Charme.
Déi setze mir ee schéinen Dag, flang mëtten op d'Plëssdarm.