Text: Traditionellt lëtzebuergescht Lidd
1. Et wor emol e Meedchen vun Gëtzen, OHO  
Matt An wéi feiereg Blëtzen, OHO  
'T wollt alle Männer gefalen,  
fir matt senge Freier ze bralen, OHO, OHO!  
 
2. 'T huet nëmmen gedanzt an gesprongen, OHO  
Gekickelt gerolzt a gesongen, OHO  
Et duecht matt Spaassen an Laachen,  
säi Gléck emol sécher ze maachen, OHO, OHO  
 
3. Mä wéi et dunn housch vum bestueden, OHO  
Et wollt keen sech dat Meedchen oplueden, OHO  
'T ass zweeërlee: Männer a Freier,  
haut setzt et um Affener Weier, OHO, OHO  
 
4. Dir Meedercher loosst iech beléieren, OHO  
A kommt dësen gudden Rot héieren, OHO  
Maacht et net wéi d'Meedche vu Gëtzen,  
Soss bleift der nach alleguer setzen, OHO, OHO!