D'Pierle vum Da, dat si meng Diamanten.
D'Blummen um Feld, déi sin däin Hochzäitskleed;
An d'Nuechtigäillercher, dat sin deng Musikanten,
An däin treit Hierz ass meng Gléckséilegkeet,
An däin treit Hierz ass meng Gléckséilegkeet.
Dat wat ech hun, dat wëll ech mat der deelen.
Du weess, mäin Hierz ass zenter laang schon däint.
Op arem oder räich, wat soll mer dann nach feelen ;
Wanns du mer seess, fir éiwech bass de mäint,
Wanns du mer seess, fir éiwech bass de mäint.
Liss, wat ech hun, dat wëll ech mat der deelen.
Du weess, mäin Hierz ass zenter laang schon däint.
Op arem oder räich, wat soll mer dann nach feelen ;
Wanns du mer seess, fir éiwech bass de mäint,
Wanns du mer seess, fir éiwech bass de mäint.