1. Héich de Bockel voll Gepäck,  
mat Kachdëppen a Stréisäck,  
zéie mir geint d'Sonn,  
déi schéi Muerjessonn.  
Mir si fräi vu Suerg a Leed,  
a mir sange voller Freed,  
fir e Scout schléit keng béis Stonn!  
 
E fräit Liewen, ass onst Striewen,
a Kapp héich am Wand zéie mir duerch d'Land.
D'Bëscher wénken, d'Fielse klénken,
well e Scout dat ass hiert Kand.
 
 
2. A soubal et Mëtteg laut,  
gëtt e Feierlach gebaut,  
well en eidle Mo  
ass eng uereg Plo.  
An a voller Eenegkeet,  
ginn dann d'Plättele gefeet,  
well do si mir all déck do!  
 
E fräit Liewen, ass onst Striewen,
a Kapp héich am Wand zéie mir duerch d'Land.
D'Bëscher wénken, d'Fielse klénken,
well e Scout dat ass hiert Kand.
 
 
3. 't si vill Länner op der Welt,  
ee 't ass keent wat mir gefällt,  
wéi mäi Lëtzebuerg,  
mäi schéint Lëtzebuerg.  
't ass sou klinzeg kleng,  
an de Gins bléift op den Häng,  
iwerall zu Lëtzebuerg!  
 
E fräit Liewen, ass onst Striewen,
a Kapp héich am Wand zéie mir duerch d'Land.
D'Bëscher wénken, d'Fielse klénken,
well e Scout dat ass hiert Kand.