Melody: Johann-Anton Zinnen
Text: Michel Lenz
1. Wou d’Uelzecht durech d’Wisen zéit,  
Duerch d’Fielsen d’Sauer brécht,  
Wou d’Rief laanscht d’Musel dofteg bléit  
Den Himmel Wäin ons mecht:  
Dat ass onst Land, fir dat mer géif  
Heinidden alles won,  
Ons Heemechtsland dat mir sou déif  
An onsen Hierzer dron.  
Ons Heemechtsland dat mir sou déif  
An onsen Hierzer dron.  
 
2. An séngem donkle Bëscherkranz,  
Vum Fridde stëll bewaacht,  
Sou ouni Pronk an deire Glanz  
Gemittlech léif et laacht;  
Säi Vollek frou sech soë kann,  
An ’t si keng eidel Dreem:  
Wéi wunnt et sech sou heemlech dran,  
Wéi ass ’t sou gutt doheem!  
 
3. Gesank, Gesank vu Bierg an Dall  
Der Äärd, déi äis gedron;  
D’Léift huet en treie Widderhall  
A jidder Broscht gedon;  
Fir d’Heemecht ass keng Weis ze schéin;  
All Wuert, dat vun er klenkt,  
Gräift äis an d’ Séil wéi Himmelstéin  
An d’A wéi Feier blenkt  
 
4. O Du do uewen, deem séng Hand  
Duerch d’Welt d’Natioune leet,  
Behitt du d’Lëtzebuerger Land  
Vum frieme Joch a Leed;  
Du hues ons all als Kanner schon  
De fräie Geescht jo ginn,  
Looss viru blénken d’Fräiheetssonn,  
Déi mir sou laang gesinn!  
Looss viru blénken d’Fräiheetssonn,  
Déi mir sou laang gesinn!