T'ass Kiirmes am Duerf, an de Spillmann as do,
déi Jonk déi danzen, déi Aal kucken no
De Bert danzt mam Bärbel an d'Frasel mam Franz,
Masurka a Polka a Konterdanz.
T'ass Kiirmes am Duerf, an de Spillmann as do,
déi Jonk déi danzen, déi Aal kucken no
Knapps datt se eng Walz, hannerun sëch hunn,
da fänken se schons mat dem Minnewee un.
T'ass Kiirmes am Duerf, an de Spillmann as do,
déi Jonk déi danzen, déi Aal kucken no
D'Mareikätt dat gloust a pëspert mam Klees
de Jenni gët heemlëch dem Janni eng Bees.
T'ass Kiirmes am Duerf, an de Spillmann as do,
déi Jonk déi danzen, déi Aal kucken no
Den Tun seet zum Tréischen, ëch hun dëch sou gäer,
an d'Tréischen zum Tun: mir gi muer bei den Här.
T'ass Kiirmes am Duerf, an de Spillmann as do,
déi Jonk déi danzen, déi Aal kucken no