1. Zwee Kinekskanner, déi trei sech léif,
koumen ausenaner wäit an déif.
Zwee Kinekskanner, déi trei sech léif,
hu gebaangt ob d'Gléck nach bléie géif.
Haut weise si der ganzer Welt
an engem Feld
d'Goldlilje mat dem roude Kroune léiw.
Haut steet em si voll Freed, Hand an Hand,
d'Vollek vun dem Letzebuerger Land.
2. Nun ass verbäi de Stuerm, d'Nout ass aus
D'Menschheet trett erléist an d'Liicht eraus.
Nun ass verbäi de Stuerm, d'Nout ass aus
Letzebuer ass Här am eeg'nen Haus.
Den Himmel huet no laanger Nuecht
D'neit Fréijor bruecht
A rescht all Dir mat grénger Friddensstrauss.
Lo steet erem sou frou, Hand an Hand
Grouss a Kleng am Letzebuerger Land
3. Mir hunn a schwéi'rer Zäit Trei bekannt
't gong fir d'Fräiheet an et gong fir d'Land
Mir hunn a schwéi'rer Zäit Trei bekannt
'Éier agesat zum Ennerpand.
A wann eng nei Gefor en dreet
Mir si bereet
Mir hale nees mat Häerz a Welle stand.
Da steet 'rem staark a stolz, Hand an Hand
D'Vollek vun dem Letzebuerger Land.
4. Sou wäert et emmerzou eeneg sto'n
Voll Vertraue Gléck an Ongléck dro'n.
Sou wäert et emmerzou eeneg sto'n
Frou seng Flicht géint Troun an Heemescht do'n
E staarke Stamm an aller Äerd
An duebel wäert
Mat fräier Kroun voll Saaft a Sonn ze sto'n
O Härgottn, schiirm a leet, Hand an Hand
D'Vollek vun dem Letzebuerger Land